Golfball

From Wikipedia, the free encyclopedia

Golfball
Remove ads

E Golfball ass e Ball, mat deem beim Golfsport gespillt gëtt.

Thumb
E Golfball nieft engem Lach
Thumb
En duerchgeschniddene Golfball mat engem Kär aus Haartgummi

E Golfball huet, de Golfreegelen no, en Duerchmiesser vun op d'mannst 42,672mm, bei enger maximaler Mass vu 45,926 g. Op der Uewerfläch sinn 300 bis 450 kleng Kaulen (sougenannt Dimples), déi dozou déngen, d'Fluchproprietéiten ze verbesseren.[1] Déi éischt Golfbäll waren nach glat an ouni däer Kailercher.[2]

E Golfball besteet aus enger haarder Schuel aus Plastik, mat bannendran engem Kär deen aus ënnerschidlechem Matarial bestoe kann. Et gëtt der aus Haartgummi, an där aus e puer Couchë vu flexibelem Material. D'Zuel, déi op engem Golfball opgedréckt ass (meeschtens vun 1 vis 4), déngt derzou, fir e vun deene vun anere Spiller z'ënnerscheeden, falls déi e Ball vun där selwechter Mark hätten.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Golfbäll – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Golfsportmagazin, Golfbälle nogekuckt 1. August 2022.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads