Gundien

From Wikipedia, the free encyclopedia

Gundien
Remove ads

Gundien oder Kampfangeren (Ctenodactylidae) sinn eng Famill vun afrikanesche Knabberdéieren. Et gëtt fënnef Aarten déi a véier Gattungen agedeelt sinn.

Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...
Remove ads

Kennzeechen

Op den éischte Bléck gläichen d'Gundien de südamerikanesche Mierschwéngercher. De Kierper ass gedrongen a gläicht enger Walz; d'Bee si kuerz an hir Féiss hu véier Zéiwen. Hannen hunn d'Mëttelzéiwen e Buuschtekamp, deen hinnen zu hirem zweeten Numm verhollef huet: Kampfangeren.

Verbreedung

Gundie liewen um südlechen an nërdleche Bord vun der Sahara.

Liewensweis

Se bauen net an hunn och keng Näschter. Well se daaagsiwwer aktiv sinn, schlofe se nuets a Fielssplécken.

Systematik

  • Speke-Gundien (Pectinator)
  • Felou-Gundien (Felovia)
  • Mzab-Gundien (Massoutiera)
  • Echt Gundien (Ctenodactylus)

Literatur

  • Nowak, Ronad N.: Walker's Mammals of the World, Johns Hopkins University Press, 1999

Um Spaweck

 Commons: Ctenodactylidae – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads