Afrika

zweetgréisste Kontinent From Wikipedia, the free encyclopedia

Afrika
Remove ads

Afrika ass deen zweetgréisste Kontinent. En ass dräimol méi grouss wéi Europa an huet eng Fläch vun 30,72 Millioune Quadratkilometer, wat 20,36 % vun der Landfläch vun der Äerd ausmécht. Et ass och de Kontinent mat der zweethéchster Bevëlkerung: geschaten 1,55 Milliarde Mënschen (19,36 % vun der Weltbevëlkerung) liewen an Afrika[1].

op ee Bléck Geographie, Geographesch Lag ...

Afrika ass den eenzege Kontinent, deen an alle véier Hemisphäre läit.

Remove ads

Geographie

Am Weste vun Afrika läit den Atlantik, am Osten den Indeschen Ozean an d'Rout Mier an am Norden d'Mëttelmier. D'Küstelängt ass 30.490 km laang.

Déi eenzeg Landverbindung mat anerem Festland ass iwwer d'Sinai-Hallefinsel, déi tëscht Afrika an der Arabescher Hallefinsel läit an eng Verbindung mat Eurasien hierstellt.

De südlechste Punkt vun Afrika ass de Kap Agulhas op 34°50' Süd.

Gewässer

Déi gréisst Waasserfläch an Afrika ass de Victoriaséi (en Deel vun Tansania, Uganda a Kenia.) mat enger Fläch vun 68.100 km². De längste Floss an Afrika ass den Nil, mat enger Längt vu 6.650 km.

Bierger

Déi fënnef héchst Bierger vun Afrika sinn:

Méi Informatiounen Bierg, Keegel ...
Remove ads

Geschicht

Déi eelst bekannt Spuere vum mënschleche Liewe goufen an Afrika fonnt. Et gëllt als sécher, datt sech vun hei aus als éischt den Homo erectus a méi spéit den anatomesch moderne Mënsch (Homo sapiens), an Asien an Europa verbreet hunn. Deementspriechend goufen och dat eelst stengent Geschier an Afrika entdeckt: einfacht Oldowan-Geschier aus dem Early Stone Age, déi an Europa als Alpaleolithikum bekannt ass.

Remove ads

Bevëlkerung a Sproochen

675 Milliounen Awunner maachen 19,36 % vun der ganzer Weltbevëlkerung aus[1].

Et gëtt iwwer 1000 eegestänneg Sproochen an Afrika, dovu ginn déi 50 gréisser vu jeeweils iwwer enger Millioun Leit geschwat.

Déi wichtegst Sproochen, no Sproochefamillen agedeelt, sinn:

  • Afro-Asiatesch Sproochen
  • Niger-Kordofanesch-Sproochen
    • Swahili
    • Shona
    • Wolof (Senegal)
    • Yoruba (Nigeria, Benin)
    • Zulu
  • Nilotesch Sproochen
  • Khoisan-Sproochen

Politik

Den afrikanesche Kontinent ass dee mat deene meeschte gescheiterte Staaten. Et gëtt nach ëmmer vill Länner, an deenen d'Mënscherechter oder d'Demokratie kleng geschriwwe ginn.
Zanter der Grënnung vun der Afrikanescher Union (AU) besteet d'Hoffnung, datt dës Problemer geléist kënne ginn.

Ekonomie

Tourismus

Haaptexportartikel

  • Kakao: ongeféier 70 % vun der Weltproduktioun
  • Diamanten: ongeféier 50 % vun der Weltproduktioun
  • Gold: ongeféier 25 % vun der Weltproduktioun
  • Pëtrol: ongeféier 10 % vun der Weltproduktioun

Opdeelung

Geographesch Opdeelung

Afrika ass a fënnef Regiounen opgedeelt:

Länner

Zum afrikanesche Kontinent gehéieren:

  • 54 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen,
  • 1 Staat déi nëmmen deels unerkannt ass,
  • 11 Gebidder vun net-afrikanesche Staaten,
  • 2 Territoiren déi vun enger anerer Natiounen ofhängeg sinn.

D'Länner mat de meeschten Awunner sinn Nigeria, Ethiopien an Egypten iwwerdeems déi gréisst Länner (der Fläch no) Algerien, d'Demokratesch Republik Kongo an de Sudan sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Staate vun der Welt.

Membere vun de Vereenten Natiounen

Méi Informatiounen Nr, Regioun ...

Net universell unerkannt Staaten

Méi Informatiounen Nr, Regioun ...

Gebidder vun net-afrikanesche Staaten

Méi Informatiounen Nr, Territoire ...

Ofhängeg Gebidder

Méi Informatiounen Nr, Territoire ...
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Afrika – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. (en) Africa Population 2025. worldpopulationreview.com. Gekuckt den 18.07.2025.
  2. ouni Westsahara
  3. inklusiv Somaliland
  4. Anescht wéi d'AU als Ganzt, erkennt d'Majoritéit vun de Memberstaaten d'Republik net un (just 19 AU-Staaten erkennen s'un, 17 weiderer hunn hir ursprénglech Unerkennung zeréckgezunn). D'Gebitt ass bal komplett ënner der Kontroll vu Marokko.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads