Haaptstadregioun Bréissel

From Wikipedia, the free encyclopedia

Haaptstadregioun Bréissel
Remove ads

D'Haaptstadregioun Bréissel (fr.: Région de Bruxelles-Capitale, nl.: Brussels Hoofdstedelijk Gewest) ass eng vun den dräi Regiounen vun der Belsch. Si gouf 1989 gegrënnt an ëmfaasst 19 selbstänneg Gemengen, déi awer sou unenee gebaut sinn, datt ee kaum um Stadbild mierkt, datt ee vun där enger an déi aner kënnt. D'Stad Bréissel, ass eng, wann och déi gréisst, vun dësen 19 Gemengen.

Séier Fakten Land, Communautéit ...

Well an der Belsch alles, wat mat Kultur, Sprooch oder Educatioun ze dinn huet, net ënner d'Kompetenz vun de Regiounen, mä vun de Communautéitë fält, sinn där zwou fir dës 19 Gemengen zoustänneg: d'Franséisch Communautéit vun der Belsch (Communauté française de Belgique) an d'Flämesch Communautéit (Vlaamse Gemeenschap). Ongeféier 80 % vun den Awunner ziele sech zur franséischsproocheger, 20 % zur flämeschsproocheger Communautéit. D'Haaptstadregioun ass dann och offiziell zweesproocheg, dofir mussen all offiziell Schreiwes, bis hin zu de Stroosseschëlter, an deenen zwou Sprooche sinn, a vun de Schoule bis zu de Kulturariichtungen (Theater, asw.) gëtt et alles duebel an där enger oder aner Sprooch.

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.
Zousätzleche Grond: Awunnerzuelen (Auslänner) net méi up-to-date; Quell ?

Een Awunner op 4 (28,4 %) ass kee Belsch. Vun den ongeféier 280.000 Auslänner, déi an der Regioun Bréissel liewen, sinn der eng 134.000 aus engem vun den anere 26 EU-Memberstaaten. Déi aner komme virun allem aus dem Maghreb, der Tierkei an Zentralafrika.

Remove ads

Gemengen

D'Haaptstadregioun Bréissel sëtzt sech aus 19 selbstännege Gemengen zesummen:

  1. Anderlecht
  2. Auderghem / Oudergem
  3. Berchem-Sainte-Agathe / Sint-Agatha-Berchem
  4. Bréissel (Bruxelles / Brussel)
  5. Etterbeek
  6. Evere
  7. Forest / Vorst
  8. Ganshoren
  9. Ixelles / Elsene
  10. Jette
  11. Koekelberg
  12. Molenbeek-Saint-Jean / Sint-Jans-Molenbeek
  13. Saint-Gilles / Sint-Gillis
  14. Saint-Josse-Ten-Noode / Sint-Joost-ten-Node
  15. Schaerbeek / Schaarbeek
  16. Uccle / Ukkel
  17. Watermael-Boitsfort / Watermaal-Bosvoorde
  18. Woluwe-Saint-Lambert / Sint-Lambrechts-Woluwe
  19. Woluwe-Saint-Pierre / Sint-Pieters-Woluwe
Thumb
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Bréissel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads