Heavy Petrol

lëtzebuergesch Bluesband From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Heavy Petrol ass eng lëtzebuergesch Bluesband, déi am Joer 2011 gegrënnt gouf.

op ee Bléck Museksgenre, Land ...
Remove ads

Bandgeschicht

Am Grënnungsjoer vun der Band huet si, deemools nach ënner dem Numm Heavy Petrol and The Greyhounds[1], eng éischt Demo-CD erausbruecht.

2013 huet Heavy Petrol Lëtzebuerg beim European Blues Challenge zu Toulouse vertrueden.

Den éischte Studioalbum,The Petrol Train, huet d'Grupp 2017 verëffentlecht.

Zwee Joer méi spéit hu si Lëtzebuerg eng zweete Kéier um European Blues Challenge representéiert, am Abrëll 2019 op den Azoren.[2],[3]

Ee Joer méi spéit koum dunn den zweeten Album The Last Barrel eraus. Den Album-Release hätt sollen am Mäer 2020 an der Kulturfabrik stattfannen, mee gouf wéinst der COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg ofgesot an e puermol verluecht. E war schlussendlech den 12. Dezember ouni Publikum, mee dofir gouf de Concert live um Radio 100,7 iwwerdroen.[4] Den Album ass e Blues-Album mat Aflëss aus Funk, Desert Rock a Rock'n'Roll.[5] En ass digitial, op CD an op Vinyl erauskomm.

2022 huet d'Band d'Single Sirens erausbruecht.[6]

Remove ads

Diskografie

Albumen

  • 2017: Petrol Train
  • 2020: The Last Barrel

Singelen

  • 2022: Sirens

Um Spaweck

Referenzen

  1. chronicle.lu: Heavy Petrol & The Greyhounds Concert (21. November 2012)
  2. zlv.lu: Release Party Heavy Petrol (net datéiert)
  3. tageblatt.lu: Heavy Petrol dominiert Blues Challenge vum Claude Molinaro (1. Oktober 2018)
  4. 100komma7.lu: Aircheck-Session vun Heavy Petrol vum Jamie Reinert (12. Dezember 2020)
  5. 100komma7.lu: Heavy Petrol rullen dat lescht Faass erbäi vum Yves Stephany (29 Mäerz 2020)
  6. chroncile.lu: Heavy Petrol Release New Single 'Sirens (5. Oktober 2022)
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads