Henri Klein
lëtzebuergesche Sportler From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Henri Klein oder Bizzi Klein, gebuer de 14. Abrëll 1944 zu Uewerkuer, a gestuerwen de 7. September 1995 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]
Ënne v.l.n.r. Bizzi Klein, Jean Klein, Camille Dimmer, Ady Schmit, Louis Pilot
Tëscht dem 27. Oktober 1963 am 5. November 1969 huet de Bizzi Klein 10-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 4 Goler geschoss.[2]
Den Henri Klein huet seng Karriär als Foussballspiller beim CS Uewerkuer ugefaangenen an ass du bei FA Red Boys Déifferdeng gewiesselt wou hie bis 1964 bliwwen ass. Duerno war hien 2 Joer beim Royal Football Club de Liège fir duerno bei de KVK Tirlemont ze wiessele wou hie vun 1966 bis 1968 war. An der Saison 1968/69 war hie bei de Vancouver Royals a Kanada wou hien 20 Goler geschoss huet,[3] ënnert der Leedung vum Trainer Ferenc Puskás. Duerno koum hien zeréck op Lëtzebuerg bei d'Red Boys Déifferdeng fir d'Saison 1969/70 ier hie fir 2 Joer bei den FC Utrecht gaangen ass. Hien huet seng Karriär bei de Red Boys an der Saison 1972/73 opgehalen.[4]
Remove ads
Referenzen
- Portrait vum Bizzi Klein op der Websäit profootball.lu Archivéiert de 05.03.2012. Gekuckt den 31.12.2011.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads