Herman Berkien

hollänneschen Entertainer a Sänger From Wikipedia, the free encyclopedia

Herman Berkien
Remove ads

Den Herman Berkien, gebuer de 15. Juni 1942 als Hermannus Antonius Berkien zu Utrecht an Holland, a gestuerwen den 22. Juni 2005 zu Utrecht, war en hollänneschen Entertainer a Sänger

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

De Berkien ass an Holland besonnesch bekannt gewiescht wéinst senge Schallplacken mat Lidder an der Mondaart vu senger Heemechtsstad iwwer de Foussball-Club FC Utrecht. Ufanks der 70er Joren ass hien och op d'Theaterbün geklommen. A ville Kamédistécker war d'Tineke Schouten säi Partner.

Dee gréisste Succès hat en 2001, wéi den FC Utrecht sech fir d'UEFA-Coupe qualifizéiert hat, an de Berkien säi Lidd Utereg me stadje ("Utrecht, mäi Stiedchen") an Utereg, me kluppje ("Utrecht, mäi Club") ëmgeschriwwen hat.

Fir seng Verdéngschter krut hien 2004 d'Éierespéngel vun der Stad Utrecht.

Den Herman Berkien huet en Häerzinfarkt vum 19. Juni 2005 nëmme kuerz Zäit iwwerlieft.

Remove ads

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads