Hilary Duff
amerikanesch Sängerin a Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Hilary Duff, gebuer den 28. September 1987 zu Houston am Texas, ass eng US-amerikanesch Sängerin, Schauspillerin an Entreprenesch.


Eigentlech sollt hir eelst Schwëster Haylie Carrière maachen. Hir éischt Suen huet si mat e puer Publicitéite gemaach. Hir éischt Roll hat si an der Mini-Serie True Woman, mä am Ofspann ass si trotzdeem net ernimmt ginn. Hiren Duerchbroch hat si mat der Hit-Serie Lizzie McGuire. Dat war déi meescht gekuckt Teenie-Serie a ganz Amerika. An Europa hat d'Serie och grousse Succès. Bannent där Zäit huet si den Album Santa Claus Lane opgeholl. Nom Schluss vun dëser Serie hunn d'Produzenten decidéiert datt e Film iwwer d'Lizzie McGuire soll gemaach ginn. Iwwerraschend war et e grousse Succès, grad sou wéi de Song Why not, deen d'Hilary selwer gesongen huet. Hiren Album Metamorphosis war N°1 an de Billboardcharts. Du koumen nach e puer Filmer eraus: Agent Cody Banks, Cinderella Story an Cheaper by the dozen. Déi Filmer hu vill Geld agespillt an hu si an de Starenolymp eropkatapultéiert.
2004 koum hiren zweeten Album Hilary Duff eraus. Dee koum bis op déi zweet Plaz an den Charts. Hiren nächste Film Raise your voice war net sou erfollegräich wéi hir aner Filmer.
2005 ass hire 4. Album Most wanted op N°1 gelant, an den zweeten Deel vun Cheaper by the dozen ass erauskomm. De Film ass zwar vun de Kritiker zerrappt ginn, mä trotzdeem huet e vill Suen agespillt. Si war den Teenie-Star, deen 2005 am meeschte verdéngt huet. Hir 3 Touren duerch bal all Kontinenter waren ausverkaaft.
2006 ass de Film Material Girl erauskomm, dee kee sou grousse Succès war, wéi d'Filmer virdrun.
De Video Play with fire hat um TRL Premiere a koum 2007 als Single eraus. An dem Joer huet si hire Parfum With love erausbruecht, deen no e puer Deeg ausverkaaft war. Am November huet si sech vun hirem, 8 Joer méi ale Frënd, Joel Maaden vu Good Charlotte getrennt. Enn 2006 ass eng Hilary-Barbie erauskomm.
2007 koumen e puer Filmer an hirem neien Album eraus, deen Dignity hescht. Dorop sinn sou Lidder wéi With love, Play with fire, Happy, Gipsy woman a Where is your dignity.
Bis haut huet d'Hilary Duff iwwer 13 Millioune CDe verkaaft, a mat hirem leschten Album huet si bis elo am September 2007 knapps eng Millioun Exemplarer verkaaft.
Remove ads
Filmer
Televisioun
Gaaschtrollen
Remove ads
Discographie
Offiziell Studio Albumen
Aner Albumen
- 2002: Santa Claus Lane
- 2003: The Lizzie McGuire Movie - Soundtrack
- 2004: A Cinderella Story - Soundtrack
- 2005: Most Wanted
- 2006: 4Ever Hilary Duff
- 2008: Best of... Hilary Duff
- 2009: What goes up OST
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: Hilary Duff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
