Hispaniola

Inselstaat an der Karibik From Wikipedia, the free encyclopedia

Hispaniola
Remove ads

Hispaniola (spuenesch La Española „déi Spuenesch“) ass mat enger Fläch vu ronn 74.700 km² déi zweetgréisst vun de Westindeschen Inselen a vun de Groussen Antillen. Op der Insel leien d'Staaten Haiti an d'Dominikanesch Republik.

op ee Bléck Geographie, Kontinent ...
Remove ads

Geographie

Ongeféier 90 km westlech läit déi gréisst Antilleninsel Kuba an 190 km westlech läit Jamaika, 120 km ëstlech Puerto Rico, 250 km nërdlech d'Grupp vun den Turks- a Caicosinselen an 180 km nordnordwestlech d'Inselgrupp Inagua. D'Insel huet eng Ost-West-Ausdeenung vu 600 km an eng Nord-Süd-Ausdeenung vun 250 km. Se huet d'Form vun enger Hand, déi no Westen op ass, woubäi zwou Hallefinsele mat Bierger a Richtung Kuba respektiv an den Jamaica Channel weisen. Relativ flaach ass nëmmen den Osten an een Dall am Norden tëscht zwou Biergketten.

Politesch Andeelung

Um ëstlechen Deel vun der Insel, dee méi grouss ass, läit haut d'Dominikanesch Republik, um méi klenge westlechen Deel d'Republik Haiti.

Bevëlkerung

Mat ronn 20 Milliounen Awunner ass Hispaniola d'Antilleninsel mat der gréisster Bevëlkerung.

Méi Informatiounen Land, Fläch a km² ...

Ursprong vum Numm

Déi Heemesch hunn d'Insel Aytí genannt, wouraus d'haiteg Bezeechnung „Haiti“ entstanen ass. Haiti huet also ursprénglech déi ganz Insel bezeechent.

De Christoph Kolumbus huet d'Insel La Isla Española („déi spuenesch Insel“) genannt. D'Englänner hunn den Numm zu Hispaniola („Klengspuenien“) verballhornt.

D'Insel Hispaniola gouf an der Kolonialzäit politesch opgedeelt an e spueneschen Ostdeel, Santo Domingo (oder San Domingo) genannt no der Stad mam selwechten Numm, an e franséische Westdeel, Saint Domingue (oder Saint-Domingue). Aus dem ëstlechen Deel gouf d'Dominikanesch Republik an aus dem westlechen Deel Haiti, dat zäitweis an dat nërdlecht Nord-Haiti an d'südlech Mulatte-Republik gedeelt war.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Hispaniola – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads