Hyperbolbunn

From Wikipedia, the free encyclopedia

Hyperbolbunn
Remove ads

Als Hyperbolbunn gëtt an der Astronomie an an der Himmelsmechanik d'Bunn vun engem Himmelskierper bezeechent, wa si par Rapport zu engem méi schwéiere Kierper d'Form vun enger Hyperbol huet.

Thumb
Verschidde méiglech Bunnen ëm e massive Kierper F am Brennpunkt vun dëse Bunnen: Krees (e = 0), Ellips (e = 0,5), Parabol (e = 1) an Hyperbolbunn (e = 2). e bezeechent dobäi d'Exzentrizitéit.

Dat geschitt nëmme bei enger Bunnvitess, déi d'lokal Fluchtvitesse vum méi massive Kierper iwwertrëfft. Dofir muss dee méi liichte Kierper sech vun deem anere rechneresch onendlech wäit distanzéieren an ëmmer nach eng Reschtvitesse hunn.

Am Ënnerscheed zu den ellipteschen zouene Keplerbunne sinn hyperbolesch Bunne op an hunn eng numeresch Exzentrizitéit e méi grouss wéi 1; de Grenzfall tëscht Ellipsen- an Hyperbolform wier d'Parabol mat e = 1.

Remove ads

Méiglech Fäll

Wärend Hyperbolbunne relativ zu engem bestëmmten Zentralkierper méi dacks virkommen, si se par Rapport zum Inertialraum vill méi rar. Do stelle si haaptsächlech ganz laanggestreckt Ellipsebunnen duer.

E puer änlech Fäll sinn:

  • E Marsmeteorit, deen op d'Äerd aschléit, huet par rapport zur Äerd eng Hyperbolbunn, par rapport zum Planéitesystem dogéint eng Hohmann-Transferellips
  • e sporadesche Meteor aus dem baussenzege Sonnesystem: wéi uewen
  • en Himmelskierper aus der Ëmgéigend vun Nopeschstären: relativ zu der Sonn eng Hyperbelbunn, zu der Mëllechstrooss bal eng Kreesbunn
  • e klenge, ganz séiere Partner vu verschiddenen Duebelstären, beispillsweis den Alkor an de Mizar am Ursa Major, déi gravitativ net unenee gebonne sinn.
Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads