Institute of Space and Astronautical Science
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Institute of Space and Astronautical Science (ISAS) ass e japanescht Institut fir Weltraumfuerschung, dat zanter 2003 Deel vun der japanescher Raumfaartagentur JAXA ass. Den Haaptsëtz ass um Sagamihara Campus, 40 km westlech vun Tokyo. Weider Ariichtungen a Japan, déi och zu dësem Institut gehéieren, sinn den Uchinoura Space Center (USC), den Noshiro Testing Center (NTC), de Sanriku Balloon Center (SBC) an den Usuda Deep Space Center (UDSC).

D'ISAS huet sech aus Experimenter mat Héichtefuerschungsrakéiten an den 1950er Joren entwéckelt a gouf am Abrëll 1964 als Institut vun der Universitéit Tokyo gegrënnt. Zanter Abrëll 1981 gouf et als kollektiv Fuerschungsorganisatioun vu japaneschen Universitéite bedriwwen. Den 1. Oktober 2003 goung et zesumme mat der NASDA an der NAL an der neier Raumfaartagentur JAXA op. D'ISAS huet d'Rakéitestartplaz Kagoshima Space Center bedriwwen.
D'Stäerkt vun der ISAS ass déi enk Verbindung vun technescher Entwécklung um Gebitt vun der Rakéiten- a Satellittentechnologie mat wëssenschaftlecher Uwendung vun der Astronomie an der Erfuerschung vum Sonnesystem. D'ISAS huet wëssenschaftlech Satellitten a Raumsonden entwéckelt, wéi z. B. den ASCA.
Remove ads
Kuckt och
Lëscht vun de Mu-Rakéitestarts
Um Spaweck
![]() |
Commons: Space telescopes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads