Internationalen Eenheetesystem
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Internationalen Eenheetesystem, dacks ofgekierzt mat SI (vum fr. Système international d'unités) verkierpert de moderne metresche System an ass deen am wäitste verbreeten Eenheetesystem fir physikalesch Eenheeten.
Den SI-Eenheetesystem ass opgrond vun de Fuerderunge vu Wëssenschaft a Fuerschung entstanen, mä et ass mëttlerweil och dee predominanten Eenheetesystem vun Ekonomie an Handel ginn. A ville Staaten, wéi z. B. och zu Lëtzebuerg, ass de Gebrauch vum SI-Eenheetesystem am administrativen oder geschäftleche Schrëftverkéier gesetzlech virgeschriwwen.
Remove ads
Déi 7 Basiseenheeten
D'Definitioune vun de Basiseenheeten a -gréisste vum SI sinn net definitiv, mä evoluéiere mam fortschrëttleche Stand vun der Miesstechnik. Am SI entspriechen déi siwe Basisgréissten de siwe Basiseenheeten. Fir kënnen d'Basiseenheete bei verschiddene Gréissteskalen ze gebrauchen, hëlt ee bestëmmt Virsilben wéi "Kilo-" oder "Milli-".
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Internationalen Eenheetesystem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads