Irma la Douce

Film vum Billy Wilder (1963) From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Irma la Douce ass en US-amerikanesche Film vum Billy Wilder aus dem Joer 1963 mam Jack Lemmon an der Shirley MacLaine an den Haaptrollen.

Séier Fakten Film, Produktiounsland ...
Remove ads

Ëm wat geet et am Film?

Den Nestor Patou, e jonke Polizist, fänkt um Policebureau an der Rue Casanova am Paräisser Quartier vun den Halen un. Ambitiéis, wéi en ass, léisst e gläich emol sämtlech Prostituéiert vun do samt hire Cliente festhuelen. Leider ass dodrënner och säi Chef, an de Patou gëtt suspendéiert. Hie mécht Bekanntschaft mat der Irma la Douce, a gëtt Zeien, wéi där hiren Zouhälter se schlecht behandelt. Hie spréngt hir zur Hëllef, a gewënnt - éischter zoufälleg - eng Kläpperei mam Zouhälter, soudatt déi Roll op hien iwwergeet. Well en net verdréit, datt d'Irma sech mat anere Männer ofgëtt, verkleet hie sech als e räiche, mysteriéise Lord X, a bezillt dem Irma all Kéiers en décke Batz Geld, just fir Kaart mat him ze spillen, fir datt et net méi op aner Clienten ugewisen ass. Fir selwer un déi Suen ze kommen, muss de Patou nuets als Fort an den Hale wudderen, soudatt en ëmmer méi däitsch gëtt. Dem Irma kënnt dat louche vir...

Remove ads

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads