Isidor Lippert
lëtzebuergesche Geeschtlechen From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Isidor Lippert, gebuer als Hubert Mathieu Isidor Lippert den 29. Oktober 1877 zu Betteng op der Mess[1] als zweet Kand bei enger Zwillingsgebuert, a gestuerwen den 13. Februar 1943 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Geeschtlechen[3].
Hie gouf den 10. August 1904 zum Priister geweit, war dann ee Joer Kaploun zu Dickweiler, ier en de 25. September 1905 Vikar-Sakristan an der Stater Kathedral gouf. De 29. Mäerz 1916 gouf hien zum Paschtouer vu Bieles ernannt, an de 17. September 1929 zum Paschtouer vum Lampertsbierg. 1932 huet hie sech aus Gesondheetsgrënn missen an d'Lampertsbierger Weesenhaus zeréckzéien[3] wou e bis zu sengem Doud 1943 gewunnt huet.
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Betteng eng Strooss no him genannt.[4]
Remove ads
Referenzen
- Gebuertsakt Nr. 34 vum 29. Oktober 1877 vun der Gemeng Dippech
- Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 15. Februar 1943
- In memoriam Hw. Pfarrer Isidor LIPPERT. In: Luxemburger Wort, 1946. Jg., nº 30 (30.01.1946), p. 3. [Digitised by the National Library of Luxembourg]
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads