Jacques Kayser
lëtzebuergesche Paschtouer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Jacques Kayser, gebuer den 13. Juli 1827 zu Esch-Uelzecht, an och do an der Nuecht op den 23. August 1866 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Paschtouer.[1]
Liewen
De Jacques Kayser ass e gebiertegen Escher. Hie krut seng Priisterwei de 26. August 1854 zu Tréier a war duerno Kaploun op follgende Plazen[2]:
- 23.09.1854: Näerden
- 30.09.1855: Huelmes
- 24.09.1856: Garnech
- 28.09.1857: Lénger
- 28.10.1858: Maarnech.
Vum 28. November 1859 u war e Paschtouer an der deemoleger Par Dénkert-Meecher[3]. 1866, wärend der Cholera-Epidemie, gouf hie vum Bëschof Nicolas Adames op Esch geschéckt, fir do dem Paschtouer Hippert bei der Fleeg vun de Kranken ze hëllefen (vun de ronn 1800 Awunner waren der bannent véier Méint 800 un der Cholera erkrankt, an der 116 gestuerwen).
Hien ass dunn awer selwer krank ginn, an am Alter vun 39 Joer a sengem Elterenhaus A Jangen, op der Vinzenzplaz (haut: Place de la Synagogue) gestuerwen.
Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot den 20. Oktober 1926 decidéiert, eng Strooss am Quartier Al Esch, direkt bei sengem Heemechtshaus, no him ze nennen.[4]
1938 gouf e Grafmonument op sengem Graf um Jousefskierfecht ageweit.
Remove ads
Um Spaweck
Referenzen
- Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt.'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.118-119.
- Archives diocésaines Luxembourg - Diözesanarchiv Luxemburg. iserver.dioezesanarchiv.lu. Gekuckt den 28.08.2025.
- zënter 2017 an d'Par Öewersauer Saint-Pirmin integréiert
- rue Curé Jacques Kayser), L-4168.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads