Jacques Plein
lëtzebuergesche Foussballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Jacques Plein, gebuer de 17. Februar 1987, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]
2004 ass hie vu sengem Jugendveräin AS Housen bei den FC Etzella Ettelbréck gewiesselt, fir déi hie bis 2011 an der Nationaldivisioun gespillt huet.[2] Vun 2011 bis 2014 huet hie fir de Progrès Nidderkuer gespillt.[3] 2014 ass hien an d'Éirepromotioun bei den FC 72 Ierpeldeng gewiesselt an am Januar 2016 bei den FC Mamer 32. 2018 huet hien d'Foussballsschong un den Nol gehaangen.
Fir d'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp huet de Jacques Plein zwéi Matcher gespillt. De 7. Oktober 2006 souz de Jacques Plein déi éischt Kéier bei engem Lännermatch a Slowenien op der Ersatzbänk. Den 28. Mäerz 2009 koum hie bei der 0:4-Néierlag géint Lettland zu sengem éischten Asaz. De 25. Mäerz 2011 gouf hie bei der 0:2-Néierlag géint Frankräich kuerz viru Schluss agewiesselt. De 7. Juni 2011 war hie fir d'leschte Kéier am Kader vun der Nationalekipp.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: Jacques Plein – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- Portrait vum Jacques Plein op der Websäit vun der UEFA
- (de) De Profil vum Jacques Plein op transfermarkt.de. www.transfermarkt.de. Gekuckt den 10.07.2023.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads