James Watt

schotteschen Ingenieur an Erfinder From Wikipedia, the free encyclopedia

James Watt
Remove ads

Den James Watt, gebuer den 19. Januarjul./ 30. Januar 1736greg. 1736 zu Greenock/Strathclyde a gestuerwen den 19. August 1819 zu Heathfield/Birmingham, war e schotteschen Ingenieur an Erfinder.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Zesumme mat dem Matthew Boulton huet den James Watt, deen eng Ausbildung als Feinmechaniker hat, 1775 d'Grënnung vun enger Dampmaschinnefabrick zu Soho bei Birmingham preparéiert. An dëser Fabrick gouf déi zanter 1765 vum Watt weiderentwéckelt atmosphäresch Dampmaschinn vum Newcomen an ëmmer méi neie Versioune gebaut. Amplaz vum Atmosphärendrock huet den James Watt den Dampdrock benotzt. Hien huet, mat Hëllef vun engem Kuerbel- a Schwongrad, déi zweedimensional Beweegung an eng besser notzbar Dréibeweegung ëmgewandelt.

Zu Éiere vum James Watt gouf d'Eenheet vun der Leeschtung am internationalen Eenheetesystem, Watt genannt.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: James Watt – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads