Jean-Pierre Aumont

franséische Schauspiller an Dréibuchauteur From Wikipedia, the free encyclopedia

Jean-Pierre Aumont
Remove ads

De Jean-Pierre Aumont, gebuer als Jean-Pierre Philippe Salomons de 5. Januar 1911 zu Paräis, a gestuerwen den 29. Januar 2001 zu Saint-Tropez, war e franséische Schauspiller an Dréibuchauteur.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Thumb
De Jean-Pierre Aumont (1993)

Hien ass de Brudder vum Filmregisseur François Villiers.

Vun 1931 u war hien am Theater an am Kino aktiv als Schauspiller. Am zweete Weltkrich huet hien dat vun den Däitsche besat Frankräich wéinst senge jiddeschen Originne misse verloossen an ass an d'USA ausgewandert. Duerno huet hie sech awer an d'Arméi gemellt an huet mat den alliéierten Truppen an Tunesien an an Italie gekämpft.

Bedeitend Filmer mat him sinn Drôle de drame (1937) vum Marcel Carné mam Louis Jouvet a Michel Simon, Hôtel du Nord (1938) vum Marcel Carné mat der Annabella am Louis Jouvet,Castle Keep (1969) vum Sydney Pollack mam Burt Lancaster a La nuit américaine (1973) vum François Truffaut.

Vun 1943 bis zu hirem Doud am Joer 1951 war hie mat der Schauspillerin Maria Montez bestuet. Zesummen haten si ee Kand d'Schauspillerin Tina Aumont. Duerno war hie vun 1956 bis zu sengem Doud am Joer 2001 mat der Schauspillerin Marisa Pavan bestuet.

Remove ads

Filmographie

Kino

vun 1931 bis 1939

vun 1940 bis 1949

vun 1950 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 1989

vun 1990 bis 1996

Remove ads

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads