Jean Simmons

brittesch-US-amerikanesch Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia

Jean Simmons
Remove ads

D'Jean Merilyn Simmons, gebuer den 31. Januar 1929 zu London, a gestuerwen den 22. Januar 2010 zu Santa Monica (Kalifornien), war eng brittesch-US-amerikanesch Schauspillerin.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...

Als jonkt Meedchen huet d'Jean Simmons a Kiss the Bride Goodbye, Caesar and Cleopatra a Great Expectations matgespillt. 1950 ass si an Amerika ausgewandert, wou se de Stewart Granger kennegeléiert a méi spéit bestuet huet. Hien huet hir e Kontrakt vun zwee Joer beim Howard Hughes senger Filmproduktiounsgesellschaft verschaaft. Mat hirer Roll vun enger Mäerderin an Angel Face 1952 hat d'Jean Simon den Duerchbroch beim grousse Public. Duerno huet se mam Marlon Brando ënner der Regie vum Henry Koster d'Titelroll an Désirée gespillt. Et koume Rollen a Guys and Dolls (1955), Home before dark (1958) a Spartacus (1960). Am selwechte Joer huet si sech vum Stewart Granger scheede gelooss.

Méi spéit huet si sech mam Regisseur Richard Brooks bestuet, mat deem se eng Duechter hat. An den 1980er Joren hat se Succès an hirer Roll an der Televisiounsserie The Thorn Birds (de: Dornenvögel).

Remove ads

Filmographie (Auswiel)

Kino

Televisioun

  • 1967: Heidi , vum Delbert Mann mam Maximilian Schell a Peter van Eyck
  • 1972: Decisions! Decisions!, vum Alex Segal mam Jill St. John an John Carradine
  • 1975: The Easter Promise, vum Paul Bogart mam Jason Robards a Mildred Natwick
  • 1979: Beggarman, Thief, vum Lawrence Doheny mam Glenn Ford a Lynn Redgrave
  • 1981: Golden Gate, vum Paul Wendkos mam Perry King an Melanie Griffith
  • 1985: North and South, (TV-Serie)
  • 1987: December Flower, vum Stephen Frears mam Mona Washbourne
  • 1988: Inherit the Wind, vum David Greene mam Kirk Douglas a Jason Robards
  • 1991: They Do It with Mirrors, vum Norman Stone mam Joan Hickson
  • 1998: Her Own Rules, vum Bobby Roth mam Melissa Gilbert
  • 2003: Winter Solstice, vum Martyn Friend mam Jan Niklas a Geraldine Chaplin
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Jean Simmons – Biller, Videoen oder Audiodateien


Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads