Jean Berg
lëtzebuergesche Lokalpolitiker a Gewerkschaftler From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Jean Berg, gebuer de 16. Februar 1889 zu Esch-Uelzecht, an och do den 11. Abrëll 1949 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker a Gewerkschaftler.[1]
De Jean Berg koum aus enger alagesiessener Escher Famill. Hie war Aarbechter op der Terres-Rouges. Bei de Gemengerotswale vum 31. Oktober 1920 gouf hien eng éischt Kéier op der Lëscht vun der Lëtzebuerger Aarbechterpartei an de Gemengerot vun der Stad Esch gewielt a gouf zanterhier bis 1945 ëmmer nees erëmgewielt.
Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot den 19. Dezember 1966 decidéiert, eng nei Strooss am Quartier Wobrécken no him ze nennen.[1]
Remove ads
Referenzen
- Quell, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.102.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads