Jean Christophe

lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Jean Christophe, gebuer den 11. Januar 1940 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 11. Februar 2009 zu Nidderkuer[1], war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Lokalpolitiker (CSV).

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

De Jean Christophe ass zu Stengefort opgewuess an huet no sengem Lycée zu Ooche fir Elektro-Ingenieur studéiert.[2] Hien ass du fir 5 Joer op Den Haag bei d'Europäescht Patent-Institut schaffe gaangen. 1971 ass e mat senger Famill op Nidderkäerjeng geplënnert, an huet als Ingenieur vum Walzwierk vun der MMRA zu Rodange geschafft. 1976 ass hien op Arbed Déifferdeng gewiesselt, dono bei Trade Arbed a méi spéit op d'Walzwierk vun der Diddelenger Schmelz. 1997 gouf hie fréipensionéiert.

Hie war vun 1990 u fir d'CSV am Gemengerot vun der Gemeng Nidderkäerjeng a vun 1999 bis 2007 Buergermeeschter vun där Gemeng.

Fir un hien z'erënneren huet d'Käerjenger Gemeng eng Strooss no him genannt, d'Rue Jean Christophe.

Remove ads

Referenzen

  1. Noruff an Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 12. Februar 2009, S. 23 an 51.
  2. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Bascharage, CSV: Jean Christophe. In: Revue, nº 7 (16.02.2000), p. 22 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads