Jean Octave
lëtzebuergesche Journalist an Tëleesspriecher From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Jean Octave, gebuer den 22. September 1942 zu Péiteng, an opgewuess zu Kënzeg, ass e fréiere Lëtzebuerger Journalist an Tëleesspriecher.
No senger Première an der Industrieschoul huet de Jean Octave zu Paräis eng Léier a Stagen als Journalist gemaach. Schonn als Student war hie bei enger Owessendung op Radio Lëtzebuerg derbäi.
Vun 1966 bis 1994 war hie Redakter bei RTL, a Chefredakter vun der Tëleesemissioun Hei elei, kuck elei.
De Jean Octave ass mat der Jaga Anthony bestuet an d'Koppel huet zwee Meedercher.
Remove ads
Gielercher
Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1998)[1]
Literatur
- Weisbrodt, Sebastian, "Fertigmachen war nicht unser Stil", Jean Octave hat mit "Hei Elei, Kuck Elei" Fernsehgeschichte geschrieben - nun feiert er seinen 80. Geburtstag, Luxemburger Wort, 22. 09. 2022, S. 54; Luxemburger Fernsehpionier, Jean Octave: "Fertigmachen war nicht unser Stil", wort.lu 22.09. 2022
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads