Jeanne Olinger-Rouff
lëtzebuergesch Juristin a Fraerechtlerin From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Jeanne Olinger-Rouff, gebuer de 26. Abrëll 1928, a gestuerwen den 28. Dezember 2012, war eng lëtzebuergesch Juristin a Fraerechtlerin.
D'Jeanne Rouff war eng vun den dräi Dammen, déi am Mäerz 1961 vum Justizminister Paul Elvinger als éischt weiblech Magistratinne genannt goufen. Si war ënner anerem Riichterin, Avocat général, Conseillère a Président de Chambre op der Cour d'Appel an zulescht, bis zu hirer Pensioun, als éischt Fra Procureur d'Etat zu Lëtzebuerg.[1]
Si war Grënnungsmember vum Conseil National des Femmes, Member vun der Fédération Luxembourgeoise des Femmes Universitaires a vum informelle Club vun de Femmes Juristes, deen d'Reform vun den Zivilrechter vun der bestueter Fra virugedriwwen huet an déi néideg Gesetzesvirlagen dozou ausgeschafft huet.[1]
De 16. Mee 2017 huet de Stater Gemengerot decidéiert, eng nei Strooss zu Märel no hir ze nennen.[2]
Remove ads
Referenzen
- Colette Flesch: "Am Gedenken un 2 dichteg Fraen." RTL.lu - 29.05.2013, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.05.2013, 09:26.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads