Jeannot Roller

From Wikipedia, the free encyclopedia

Jeannot Roller
Remove ads

De Jeannot Roller, gebuer de 17. August 1949, war bis zu senger Pensioun Instrukter am Lycée Technique du Centre. Hien ass Sculpteur a schafft am Eisen, also Konschtschmatt. Hie wunnt zu Hielem.

Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Thumb
Stiliséiert Eilen
Thumb
De Jeannot Roller a säin Diabolo

Hie schreift selwer (frei iwwersat) op der Invitatioun fir eng Ausstellung vum 8. November 2002:

Zanter menger Jugend war ech frou mam Zeechnen. Ech hu mech fir den Enseignement entscheet nodeem ech 12 Joer an enger Privatentreprise als "Outilleur" geschafft hunn. Zanter 25 Joer ënnerriichten ech d'Schweessen an d'Konschtschmëtt am Lycée technique du Centre.
Vun den 90er Joren un, hunn ech meng éischt Skulpture geschaf. Dat ass eng Passioun, eng Leidenschaft ginn. Am Metall schaffen, virun allem am Stol, verlaangt eng grouss kierperlech Ustrengung. Dat verschaaft mer Entspanung a Gläichgewiicht an enger Gesellschaft déi Stress bréngt an net vill Wäerter huet.
Doduerch datt ech zu Lissewege mat 50 Sculpteuren aus verschiddene Länner matman, hunn ech vill geléiert. Ech hunn dat Figuratiivt léiwer, déi ronn a weiblech Formen. Well ech zanter kuerzem mäin eegenen Atelier hunn, kann ech elo fräi an ouni Zwang schaffen.
Remove ads

Ausstellungen

Zu Lëtzebuerg

An der Belsch (Lissewege)

  • 2000-2006: Participatioun um "Village blanc" mat Artisten aus verschiddene Länner aus der EU.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads