1990
Joer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1990. D'Joer 1990 huet op engem Méindeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1986 |
1987 |
1988 |
1989 |
1990
| 1991
| 1992
| 1993
| 1994
| ►
| ►►
Evenementer
Europa
- 2. Februar: UdSSR: Den Zentralkommitee vun der KPdSU gëtt d'Muechtmonopol vun der Partei op.
- 11. Mäerz: Litauen erkläert sech fir onofhängeg.
- 30. Mäerz: Estland erkläert sech fir onofhängeg.
- 4. Mee: Lettland erkläert sech fir onofhängeg.
- 19. Juni: D'Schengener Konventioun, déi d'Ausféierbestëmmunge vum Schengener Ofkommes festleet, gëtt vun de Benelux-Staaten, Däitschland a Frankräich ënnerschriwwen.
- 3. Oktober: Däitschland gëtt vereenegt, andeems d'Länner vun der DDR der Bundesrepublik Däitschland (an domat och der EU) bäitrieden.
- 27. November: D'Schwäizer Federaalt Geriicht decidéiert, datt am Kanton Appenzell Innerrhoden d'Fraen och op kommunalem a kantonalem Niveau d'Stëmmrecht musse kréien.
- 2. Dezember: Dem Helmut Kohl seng Regierung gëtt bei Parlamentswale confirméiert.
- 17. Dezember: An Albanien gëtt e Méiparteiesystem agefouert.
Lëtzebuerg
- 26. Januar - 1. Mäerz: Bannent 5 Wochen zéie 5 Stierm mat Wandvitessë bis 145 km/h iwwer d'Land ewech. Et gëtt 1 Doudesaffer, ronn zwou Dosen, deels uerg, verwonnte Persounen an eng Abberzuel un Autoen, déi ënner Beem begruewe ginn, déi wéi Fixspéin ëmgeknéckt sinn. E Véierels vum Bambësch gëtt ofgeholzt, ronn 300 Diech ofgedeckt, Héichspannungsmaste gediebelt an Antenne geknéckt.
- 29. Abrëll: Aweiung vum Monument vun der Groussherzogin Charlotte op der Clairefontaine-Plaz an der Stad Lëtzebuerg.
- 9. November: Lëtzebuerg mécht e Regëster op fir Schëffer, déi ënner Lëtzebuerger Pavillon fueren.
Afrika
- 11. Februar: Südafrika: Den Nelson Mandela kënnt aus dem Prisong.
- 21. Mäerz: Enn vum Südafrikanesche Grenzkrich; de Sam Nujoma gëtt President vun Namibia.
Amerika
USA
Südamerika
Asien
- 20. Juni: Äerdbiewen am Iran, 40.000 bis 50.000 Doudeger.
- 16. Juli: Äerdbiewen op Luzon, Philippinnen, 1.621 Doudeger.
- 3. August: Armenien erkläert sech fir onofhängeg.
- 22. Oktober: Den Turkmenistan erkläert sech fir onofhängeg.
- 25. Oktober: De Kasachstan erkläert sech fir onofhängeg.
- 15. Dezember: Kirgisistan erkläert sech fir onofhängeg.
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Remove ads
Konscht a Kultur
Kino
- Dances with Wolves vum Kevin Costner kritt den Oscar vum beschte Film.
- In the cut vum David Lynch gewënnt d'Gëlle Palm zu Cannes.
- Trop belle pour toi vum Bertrand Blier kritt de César vum beschte Film.
Molerei
Literatur
- Batty-Weber-Präis fir de Roger Manderscheid.
Musek
- 5. Mee: Den Toto Cutugno gewënnt fir Italie mam Lidd Insieme: 1992 de 35. Eurovision Song Contest zu Zagreb.
Wëssenschaft an Technik
Sport
- D'Union Lëtzebuerg gewënnt den nationale Championnat am Foussball, de Swift Hesper d'Coupe du Luxembourg.
- 28. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 1:2 géint Island. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Théo Malget geschoss.[1]
- 8. Juli: Foussball-Weltmeeschterschaft an Italien: déi däitsch gewënnt an der Finall géint déi argentinesch Ekipp a gëtt fir d'drëtt Kéier Weltmeeschter
- 31. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1992, knapps 2:3 géint de Weltmeeschter Däitschland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jean-Paul Girres a Roby Langers geschoss.[2]
- 14. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1992, 0:1 géint Wales.[3]
Remove ads
Gebuer
- 1. Januar: Frederic Good, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 7. Januar: Léonie de Jonge, lëtzebuergesch Politologin a Basketballspillerin.
- 15. Januar: Denitza Krivova, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 20. Januar: Ralph Schon, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 5. Februar: Lars Christian Krogh Gerson, lëtzebuergesch-norwegesche Foussballspiller.
- 11. Februar: Marcus Eriksson, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 14. Februar: Lara Ernster, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 28. Februar: Anna Musytschuk, sloweenesch Schachspillerin.
- 1. Mäerz: Alen Zekan, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 5. Mäerz Hana Sofia Lopes, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 20. Mäerz: Pedro Zuidberg, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 31. Mäerz: Tom Thill, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 2. Abrëll: Miralem Pjanić, bosnesch-lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 7. Abrëll: Elisabeth Margue, lëtzebuergesch Politikerin.
- 15. Abrëll: Emma Watson, englesch Schauspillerin.
- 17. Abrëll: Aidamir Mugu, russesche Sänger.
- 18. Abrëll: Niharica Raizada, indesch-lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 29. Abrëll: Anthony Moris, belsch-lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1. Juni: Jean Kox, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 2. Juni: Jennifer Petiteville, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 6. Juni: Hélène Sertznig, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 22. Juni: Jean-François Schneiders, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 16. Juli: Cathy Schmit, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 20. Juli: Jil Haentges, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 26. Juli: Anthony Schumacher, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 28. Juli: Joe Faber, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 10. August: Lucas Till, US-amerikanesche Schauspiller.
- 12. August: Mario Balotelli, italieenesche Foussballspiller.
- 24. August: Naby Twimumu, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 27. August: Mathias Jänisch, lëtzebuergesch-däitsche Foussballspiller.
- 18. September: Massimo Martino, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. September: Tom Siebenaler, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 2. Oktober: Samantha Barks, Sängerin a Schauspillerin vun der Insel Man.
- 18. Oktober: Stefan Zachäus, lëtzebuergeschen Triathelet an Olympionik.
- 26. Oktober: Pit Schlechter, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 3. November: Sascha Marzadori, lëtzebuergesch Handballspiller.
- 21. November: Sacha Pulli, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 26. November: Kevin Grönlund, lëtzebuergesch-schweedeschen Äishockeyspiller.
- 30. November: Magnus Carlsen, norwegesche Schachgroussmeeschter.
- 18. Dezember: Gil Nizard, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
Remove ads
Gestuerwen
- 5. Januar: Arthur Kennedy, US-amerikanesche Schauspiller.
- 10. Januar: Juliet Berto, franséisch Schauspillerin a Filmregisseurin.
- 20. Januar: Barbara Stanwyck, amerikanesch Schauspillerin.
- 22. Januar: Maria Jacoby, lëtzebuergesch Molerin an Olympionickin.
- 25. Januar: Ava Gardner, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1. Februar: Marcel Knauf, lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten, Gewerkschaftler a Politiker.
- 6. Februar: John Merivale, kanadesche Schauspiller.
- 10. Februar: Pierre Bertogne, lëtzebuergeschen Drogist, Fotograf an Hobbyfilmer.
- 12. Februar: Edmond Reuter, lëtzebuergesche Lycéesprofesser a Member vum Staatsrot.
- 15. Februar: Michel Drach, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 16. Februar: Keith Haring, US-amerikanesche Kënschtler.
- 27. Februar: Roger Wercollier, lëtzebuergeschen Architekt an Immobiliepromoteur.
- 3. Mäerz: Charlotte Moore Sitterly, US-amerikanesch Astronomin a Mathematikerin.
- 7. Mäerz: Carl Alvar Wirtanen, US-amerikaneschen Astronom.
- 8. Mäerz: Charles Krüger, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 10. Mäerz: Daniel Clérice, franséische Schauspiller.
- 17. Mäerz: Capucine, franséisch Schauspillerin.
- 20. Mäerz: Lew Iwanowitsch Jaschin, sowjetesche Foussballspiller.
- 29. Mäerz: Joseph Hilger, lëtzebuergesche Liichtathleet an Olympionik.
- 12. Abrëll: Luis Trenker, éisträichesch-italieenesche Regisseur, Auteur, Alpinist.
- 14. Abrëll: Georges Lacombe, franséische Filmregisseur.
- 15. Abrëll: Greta Garbo, schweedesch Filmschauspillerin.
- 19. Abrëll: Tony Biever, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 23. Abrëll: Paulette Goddard, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 25. Abrëll: Dexter Gordon, US-amerikaneschen Jazz-Saxophonist.
- 29. Mee: Yves Brayer, franséische Moler.
- 2. Juni: Rex Harrison, brittesche Schauspiller.
- 6. Juni: Marcel Grignon, franséische Kameramann.
- 7. Juni: Gaston Glaesener, lëtzebuergesche Pedagog a Politiker.
- 10. Juni: André Conrardy, lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.
- 14. Juni: Erna Berger, däitsch Sopranistin.
- 9. Juli: René Chanas, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 15. Juli: Margaret Lockwood, brittesch Schauspillerin.
- 24. Juli: Arno Arthur Wachmann, däitschen Astronom.
- 25. Juli: Jean Fourastié, franséischen Ekonomist.
- 25. Juli: Hélène Meer, lëtzebuergesch Molerin.
- 29. Juli: Bruno Kreisky, éisträichesche Politiker a Bundeskanzler vun 1970-1983.
- 31. Juli: Fernando Sancho, spuenesche Schauspiller.
- 1. August: Robert Krieps, lëtzebuergesche Politiker.
- 2. August: René Mart, Escher Geschäftsmann a Politiker.
- 10. August: Pol Aschman, lëtzebuergesche Fotojournalist a Chroniker.
- 28. August: Willy Vandersteen, belsche Comic-Zeechner an -Auteur.
- 4. September: Willy Heldenstein, lëtzebuergesche Bobfuerer an Olympionik.
- 5. September: Beppo Brem, däitsche Schauspiller.
- 6. September: Georges Gales, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 9. September: Samuel Doe, liberianesche Politiker.
- 26. September: Alberto Moravia, italieenesche Schrëftsteller.
- 1. Oktober: Jean Flammang lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
- 10. Oktober: Carlos Thompson, argentinesche Schauspiller.
- 10. Oktober: René Urbany, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- 14. Oktober: Leonard Bernstein, US-amerikaneschen Dirigent a Komponist.
- 14. Oktober: Mars Schmit, lëtzebuergesche Konschtprofesser a Moler.
- 15. Oktober: Delphine Seyrig, franséisch Schauspillerin.
- 20. Oktober: Joel McCrea, US-amerikanesche Schauspiller.
- 21. Oktober: Félix Steinberg, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 23. Oktober: Louis Althusser, franséische Philosoph.
- 27. Oktober: Jacques Demy, franséische Filmregisseur.
- 27. Oktober: Ugo Tognazzi, italieenesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 4. November: Henry Cravatte, lëtzebuergesche Politiker
- 15. November: Joseph Kratzenstein, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.
- 17. November: Anne Peter Schilperoort, hollänneschen Jazzmuseker an Orchesterchef.
- 23. November: Roald Dahl, brittesche Schrëftsteller.
- 1. Dezember: Sergio Corbucci, italieenesche Filmregisseur.
- 1. Dezember: Pierre Dux, franséische Schauspiller.
- 2. Dezember: Robert Cummings, US-amerikanesche Schauspiller.
- 8. Dezember: Lana Marconi, franséisch Schauspillerin.
- 8. Dezember: Martin Ritt, US-amerikanesche Filmregisseur a Filmschauspiller.
- 9. Dezember: Norbert Droessaert, Direkter vun der Administration des douanes et accises a Member vum Staatsrot.
- 14. Dezember: Friedrich Dürrenmatt, Schwäizer Schrëftsteller.
- 23. Dezember: Pierre Chenal, franséische Filmregisseur.
- 29. Dezember: Mona Dol, franséisch Schauspillerin.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: 1990 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads