Jim Clemes
lëtzebuergeschen Architekt From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Jim Clemes, gebuer den 29. Juli 1957 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Architekt.
Hien huet no der Première am Escher Jongelycée op der Miami University Ëmwelt-Design (environmental design) an op der École Spéciale d'Architecture zu Paräis Architektur studéiert. Duerno huet e beim Service des sites et monuments nationaux geschafft ier en 1984 seng eege Firma gegrënnt huet, den Atelier d'Architecture et de Design Jim Clemes.[1] Do schaffen haut 55 Leit.[2]
De Jim Clemes huet eng Rëtsch Gebaier zu Lëtzebuerg entworf a schafft och am Beräich Urbanismus.
Gebaier, déi hien (zum Deel mat aneren) entworf huet, sinn ë. a.:
- d'Gebai vun der Banque générale du Luxembourg um Boulevard Royal an der Stad Lëtzebuerg;[3]
- de Centre de conférences provisoire bei de Foires-Halen um Kierchbierg (Gewënner vum Prix luxembourgeois d'architecture 2004);[4]
- e Fligel vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch-Uelzecht;[5]
- d'Gare Belval Université;[6]
- de Melia Hotel op den Dräi Eechelen;[7]
- De Kulturzentrum Kinneksbond zu Mamer;[8]
- d'Gebai vum Friddensgeriicht zu Esch-Uelzecht op der Norbert-Metz-Plaz;[9]
- de Siège vun Enovos am Schlassgoart, zu Esch-Uelzecht;
- de Waassertuerm op der Cloche d'or (2017)[10];
- de Vëlodukt Esch - Belval (2022)[11].
De Jim Clemes huet och beim Waasser-Erhuelungszentrum Les Thermes zu Stroossen matgeschafft[12], grad wéi beim Entworf vun engem neie Quartier zu Déifferdeng.[13]
Remove ads
Referenzen
- "Jim Clemes", Den Escher 04, September 2005, S. 12.
- "Nom: Clemes, Prénom: Jim", Index 2009: L'Index des Décideurs.
- "Banque Générale du Luxembourg", Studio Cativelli.
- "5 projets lauréats récompensés lors du prix luxembourgeois d'architecture 2004", Fondation de l'architecture et de l'ingénierie.
- "Références", Jacquemart Marbrerie.
- "Melia Luxembourg" Archivéiert de 14.07.2011. Gekuckt de 07.11.2013.
- Prestatiounsbrochure op clemes.lu Archivéiert den 23.08.2016. Gekuckt den 08.08.2016.
- "Jim Clemes pour le château d'eau de la Cloche d'Or." paperjam.lu, 20 février 2013.
- (fr) PC8: Piste cyclable entre le quartier Esch-Belval et Esch-sur-Alzette. travaux.public.lu. Gekuckt de 26.12.2022.
- "Les Thermes in Strassen, Luxembourg", Floornature.
- "Differdange: Un futur quartier en gestation", Le Quotidien, 23 November 2010.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
