Joe Dassin
franséische Chansonsänger From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Joseph Ira Dassin, gebuer de 5. November 1938 zu New York, a gestuerwen den 20. August 1980 zu Papeete op Tahiti, war e franséische Chanson-Sänger.
Seng Eltere waren de Filmregisseur Jules Dassin an d'Violinistin Béatrice Launer. No sengem Studium op der University of Michigan zu Ann Arbor ass hien 1962 op Paräis zeréckgaangen, wou e schonn als Jugendleche gelieft hat, an huet do bei RTL Radio geschafft. 1965 koum seng éischt Single, Je change un peu de vent, eraus.
Säi gréisste Succès hat de Joe Dassin um Ufank vun den 1970er-Joren, mat Lidder wéi Les Champs-Élysées, Ma Musique, L'été indien, La fleur aux dents a Ça va pas changer le monde.
Remove ads
Filmographie
Kino
- 1957: Celui qui doit mourir - Regie: Jules Dassin - Haaptacteuren: Jean Servais, Carl Möhner
- 1959: La legge - Regie: Jules Dassin - Haaptacteuren: Gina Lollobrigida, Pierre Brasseur
- 1964: Topkapi - Regie: Jules Dassin - Haaptacteuren: Melina Mercouri, Maximilian Schell
- 1965: Nick Carter et le trèfle rouge - Regie: Jean-Paul Savignac - Haaptacteuren: Eddie Constantine, Nicole Courcel
- 1965: Lady L - Regie: Peter Ustinov - Haaptacteuren: Sophia Loren, Paul Newman
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Joe Dassin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- joedassin.info, eng Fansäit
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads