John Petry

Procureur général d'État zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De John Petry oder Johny Petry, gebuer de 6. Juni 1965 zu Ettelbréck[1] ass zanter Februar 2025 Procureur général d'État zu Lëtzebuerg.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...
Remove ads

Liewen a Karriär

Hien huet zu Stroossbuerg Droit studéiert an dëse Studium mat enger Maîtrise an engem DEA am Droit privé ofgeschloss. 1992 ass hie bei de Ministère public agetrueden.[2]

1997 bis 2001 war hie Referendar am Marc Jaeger sengem Cabinet um Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun, ier en dann Substitut principal vun der Section économique et financière vum Parquet gouf.

Tëscht 2003 an 2017 war hien Avocat général, dovun vun 2011 u Premier avocat général.

2017 gouf hie Procureur général d'État adjoint, an 2025 da selwer Procureur général État. Zënter dem 1. Juli 2025 ass hien ee vun de Vizepresidente vum Conseil national de la justice.

Remove ads

Um Spaweck

Referenzen

  1. (fr) NAISSANCES S. 19. Luxemburger Wort, 118. Jg., n° 160 (09.06.1965). Gekuckt den 18.06.2025.
  2. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: "'Le temps de l'appaisement'." d'Lëtzebuerger Land Nr.21 (72. Jg.), 23.05.2025, S.10-11 (Interview mam Pierre Sorlut).
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads