Joseph Felten
lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De François Joseph Felten, gebuer de 16. Mee 1888 zu Boufer, a gestuerwen den 23. Juli 1919 zu Mëtscheed, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.[1]
De Joseph (Joss) Felten war vun 1908 bis 1915 Schoulmeeschter zu Mëtscheed a vum Schouljoer 1915/1916 un zu Esch-Uelzecht, wou hie schonn am Oktober 1914 eng Nominatioun kritt hat, mä eréischt 1915 ugetrueden ass.[2]
De Felten war Sekretär vum Escher Volleksbildungsveräin. Hien ass den Auteur vun enger Publikatioun iwwer d'ländlech Volleksbibliothéiken, en Theema, op dat hien och a Versammlungen, déi den Escher Volleksbildungsveräin organiséiert huet, agaangen ass, z. B. den 12. Dezember 1915 zu Zolwer an zu Bieles.[3]
De Felten ass den Auteur vum Theaterstéck Mengt Grêtche. Hien huet och kleng literaresch Kontributiounen an Zeitunge publizéiert, z. B. Sylvestergedanken am Landwirt (1908)[4] oder Nanny. Eine Weihnachtsskizze am Escher Tageblatt (1916).[5]
Um Houwald gouf eng Strooss no him genannt.
Remove ads
Publikatiounen
- Ländliche Volksbibliotheken. Beitrag zur Lösung der Volksbildungsfrage. Victor Bück, Luxemburg 1915.
- Mengt Grêtche. Charakterstéck an 2 Akten fum J. Felten.
Literatur
- Massard, J.A., 2017. Émile Molling (1889-1971), instituteur à Bettembourg, ornithologue et amateur de botanique. In: Beetebuerg am Laf vun der Zäit, VI. Geschichtsfrënn aus der Gemeng Beetebuerg, Beetebuerg, S. 56-63.
- Molitor, M., 1931. Der luxemburgische Lehrer in seiner schriftstellerischen Betätigung. Luxemburg, 157 S.
- Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, P. Faber, 106 S.
Remove ads
Referenzen
- Molitor 1931, S. 132; Spedener 1937, S. 24; Massard 2017, S. 58.
- Molitor 1931, S. 133.
- Laut dem Michel Molitor (1931, S. 133), wier de Felten den Auteur vun dëser Geschicht, déi am Escher Tageblatt 1916-12-26, S. 2, ënner dem Pseudonym Macte publizéiert ginn ass. De Molitor zitéiert nach Titele vun 1910 an 1911, déi och am Tageblatt erschénge wieren; do klappt eppes net, well d'Tageblatt eréischt vun 1913 un erauskomm ass.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads