Joseph Sevenig
lëtzebuergeschen Auteur From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Joseph Nicolas Sevenig (Joseph Nikolaus Sevenig), gebuer den 21. Januar 1869 zu Nidderwolz, a gestuerwen den 31. August 1927 zu Munneref,[1] war e lëtzebuergeschen Paschtouer an Auteur.
| Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Hie gouf 1893 zum Priister geweit, war da véier Joer laang Kaploun zu Dikrech an dono vun 1897 bis 1910 an der Stater Méchelskierch. Vun 1910 bis 1917 war er Paschtouer zu Izeg a vun 1917 bis zu sengem Doud zu Munneref.[1]
De Jos. Sevenig war Mataarbechter vun enger Rei Zeitungen an Auteur vun enger ganzer Rëtsch vun Artikelen, Theaterstécker, Gedichter a Reesreportagen (Von Luxemburg nach Wien), dorënner och vun enger Publikatioun iwwer d'Munnerefer Parkierch[2].
Zu Munneref gouf eng Strooss nom Joseph N. Sevenig genannt.
Remove ads
Kuckt och
Referenzen
- Administration Communale de Mondorf-les-Bains et sa commission de la culture et du patrimoine: Wer waren diese Persönlichkeiten? Fiche Jos N. Sevenig. Mondorf 2023, op mondorf.lu (nogekuckt: 04.12.2025).
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads