Joseph Zangerle

lëtzebuergesche Foussballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Joseph Zangerle, gebuer de 6. November 1949, a gestuerwen den 12. Januar 2022[1] an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[3]

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Tëscht dem 20. November 1968 an dem 22. Mäerz 1978 huet de Joseph Zangerle 11-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[4]

Remove ads

Karriär als Foussballspiller

De Joseph Zangerle huet seng Karriär an der Nationaldivisioun bei der Union Lëtzebuerg am Joer 1968 ugefaangen. Kuerz drop gouf hien an de Kader vun der Nationalmannschaft opgeholl an huet säin éischte Frëndschaftsmatch géint Dänemark am November 1968 gespillt.

A senger éischter Saison huet hie mat senger Ekipp d'Coupe de Luxembourg gewonnen an duerno e Vertrag beim Bréisseler Club R.W.D. Molenbeek ënnerschriwwen, bei deem hien eng Saison laang an der éischter belscher Divisioun gespillt huet. Am Profikader war et fir hie méi schwéier, sech eng Stammplaz ze sécheren, an no engem Joer huet hie sech dozou entscheet, nees zréck bei d'Unioun ze goen.

Mat senger aler Ekipp ass den Zangerlé 1971 Lëtzebuerger Champion ginn. Dowéinst huet hie mat der Unioun d'Joer drop um Europapokal deelgeholl, wou seng Mannschaft an der Virronn géint Valencia eliminéiert gouf.[5]

Zwee Joer méi spéit huet d'Ekipp sech als Lëtzebuerger Vize-Champion fir den UEFA Cup 1973-1974 qualifizéiert, mee gouf vum Olympique Marseille erausgeheit.[6] No e puer Joer, an där d'Unioun manner gutt gespillt huet, hunn den Zangerlé an d'Unioun erëm d'Finall vun der Coupe de Luxembourg 1977-1978 erreecht, an där si vum Progrès Nidderkuer geschloe goufen. D'Union Lëtzebuerg huet sech trotzdeem fir den Europapokal vun de Pokalgewënner 1978-1979 qualifizéiert, wou se am éischten Tour vum norwegesche Club FK Bodø/Glimt eliminéiert gouf.[7]

De Joseph Zangerle huet säin Foussballspillerkarriär 1979 un den Nol gehaangen[8] an ass 2022 am Alter vun 72 Joer gestuerwen.

Remove ads

Referenzen

  1. Doudesannonce vum Joseph Zangerle am Luxemburger Wort vum 17. Januar 2022 op der Säit 33
  2. (fr) Luxemburger Wort FR, Trauern Sie um Jos Zangerlé. www.gedenken.lu Archivéiert den 20.01.2022. Gekuckt den 20.01.2022.
  3. (fr) Jos Zangerle » Qualif. Ligue des Champions 1971/1972. mondefootball.fr. Gekuckt de 24. Juni 2025.
  4. (fr) Jos Zangerle » Europa League 1973/1974. mondefootball.fr. Gekuckt de 24. Juni 2025.
  5. (fr) Jos Zangerle » Cup Winners Cup 1978/1979. mondefootball.fr. Gekuckt de 24. Juni 2025.
  6. (fr) Jos Zangerle. mondefootball.fr. Gekuckt de 24. Juni 2025.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads