Julia Holbe
lëtzebuergesch Schrëftstellerin From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Julia Holbe, gebuer den 21. Juli 1969[1] zu Frankfurt am Main, ass eng lëtzebuergesch Lektorin a Schrëftstellerin.
Liewen
Si ass an d'Europaschoul zu Lëtzebuerg gaangen an huet vun 1990 bis 1995 Germanistik, Romanistik an Anglistik op der Goethe Universitéit zu Frankfurt am Main studéiert. Vun 1997 bis 2016 huet si als Lektorin beim S. Fischer Verlag geschafft, wou si sech ëm Kanner- a Jugendbicher souwéi international Literatur bekëmmert huet. Zënter 2016 schafft si als Freelancelektorin a Schrëftstellerin. Hiren éischte Roman Unsere glücklichen Tage gouf am Joer 2020 verëffentlecht.
Si lieft zu Frankfurt am Main an an der Bretagne[2]. Si ass d'Duechter vum Fernseemoderator an Auteur Rainer Holbe.
Remove ads
Wierk
- Unsere glücklichen Tage. Roman, Penguin, München 2020, ISBN 978-3-328-60110-4
- Boy meets Girl. Roman, Penguin, München 2022, ISBN 978-3-328-60180-7
- Man müsste versuchen, glücklich zu sein. Roman, Penguin, München 2025, ISBN 978-3-328-60179-1
Um Spaweck
Referenzen an Notten
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads