Juno II (Rakéit)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Juno-II-Rakéit war d'Folleg vun der Mëttelstreckerakéit PGM-19 Jupiter. Si bilt d'Grondstuf vun der Juno II a war fir dësen Zweck ëm 0,91 m verlängert ginn. Als Dreifwierk koum e kardanesch opgehaangene Rocketdyne S-3D zum Asaz, dat spéider nëmmen e bëssi modifizéiert och an der Thor zum Asaz koum. Op der éischter Stuf waren zwou oder dräi Feststoffuewerstufen, déi schonn an der Juno I benotzt goufen. Si goufen nom Ausbrenne vun der éischter Stuf (182 s nom Start) per Radioimpuls vum Kontrollzentrum aus gezünnt, wat duerch eng Funkstéierung zum Verloscht vum Explorer S-46 gefouert hat. D'Variant mat nëmmen zwou Uewerstufe gouf nëmmen eemol zum Feelstart vum Beacon-2-Satellit benotzt.


D'Juno II gouf an de Joren 1958 bis 1961 nëmme vu Cape Canaveral aus gestart. Vun zéng Starten waren nëmme véier erfollegräich.
Rakéite vun deem Typ haten zwou Pioneer-Moundsonde (ee Feelstart wéinst virzäitegem Brennschluss vun der éischter Stuf), siwen Explorer-Satellitten (véier Feelstarten) an ee Beacon-Satellit (Feelstart) transportéiert.
D'Juno II konnt 41 kg op eng niddreg Äerdëmlafbunn oder 6 kg op eng interplanetar Bunn transportéieren. Wéinst hirer klenger Leeschtung gouf et keng weider Entwécklung vun dësem Rakéitentyp.
Remove ads
Technesch Daten
Juno-2 | |||
---|---|---|---|
Längt | 23,85 m | ||
Duerchmiesser | 2,67 m | ||
Startmass | 55,0 t | ||
Stufen | 4 | ||
1. Stuf | |||
Dreifwierk | North American Rocketdyne LR-79-NA-9 | ||
Startschub | 667,2 kN | ||
Dreifstoff | Kerosin a LOX | ||
Brenndauer | 182 s | ||
Start-/Eidelmass | 54,43 / 4,53 t | ||
Längt | 18,38 m | ||
Duerchmiesser | 2,67 m | ||
2. Stuf | |||
Triebwerk | 11 Thiokol Baby-Sergeant | ||
Schub | 73,4 kN | ||
Dreifstoff | TPH | ||
Start-/Eidelmass | 327/90 kg | ||
Brenndauer | 6,5 s | ||
Längt | 1,07 m | ||
Duerchmiesser | 1,22 m | ||
3. Stuf | |||
Dreifwierk | 3 Thiokol Baby-Sergeant | ||
Schub | 24,0 kN | ||
Dreifstoff | TPH | ||
Start-/Eidelmass | 94/28 kg | ||
Brenndauer | 6,5 s | ||
Längt | 1,07 m | ||
Duerchmiesser | 1,22 m | ||
4. Stuf | |||
Dreifwierk | 1 Thiokol Baby-Sergeant | ||
Schub | 8,0 kN | ||
Dreifstoff | TPH | ||
Start-/Eidelmass | 27/5 kg | ||
Brenndauer | 6,5 s | ||
Längt | 1,07 m | ||
Duerchmiesser | 1,22 m |
Remove ads
Startlëscht
Déi vollstänneg Startlëscht vun der Juno-II-Rakéit.
¹ Bruttogewiicht = (Satellitten + Adapter, Gehäis a.s.w.)
² NET zwangsleefeg den Zilorbit vun der Noutzlaascht - mä d'Bunn op där d'Notzlaascht vun der Uewerstuf ausgesat soll ginn.
Remove ads
Kuckt och
- Pioneer-Programm
- Explorer-Programm
- Lëscht vun den Explorer-Missiounen
- Lëscht vun onbemannte Raumfaartmissiounen
Um Spaweck
![]() |
Commons: Juno II – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads