Pioneer 3

From Wikipedia, the free encyclopedia

Pioneer 3
Remove ads

D'Pioneer 3 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA am Kader vum Pioneer-Programm. Si sollt Fotoe vum Äerdmound maachen, hat awer net déi erfuerderlech Vitess erreecht a war beim Neesantrëtt an Äerdatmosphär vergloust.

Pioneer 3
Thumb
D'Pioneer 3-Sond
ZilBiller vun der Mounduewerfläch
LandUSA
AgenturNASA
Start6. Dezember 1958, 05:45 UTC
StartplazCape Canaveral AFS Launch Complex 17
DrorakéitJuno II (Rakéit)
Statusvergloust de 7. Dezember 1958
Remove ads

Opbau

Pioneer 3 bestoung aus enger kegelfërmeger Fiberglasstruktur vun 58 cm Héicht a 25 cm Duerchmiesser. D'Spëtzt war als Antenn ausgebilt. Déi baussenzeg Säit war goldbeschicht, fir s'elektresch leetfäeg ze maachen, a fir d'Thermalkontroll war hat se wäiss Sträifen. D'Sond gouf vu Quecksëlwerbatterien alimentéiert an hat e Sender mat enger Leeschtung vun 0,18 W op 960,05 MHz. Fir d'Reduktioun vun der Spinquot vu 400/min op 6/min waren zwou Masse vu jee 7 g ("Jojo-Massen") op der baussenzeger Säit ugemaach, déi ofgeworf konnte ginn.

Remove ads

Missioun

Pioneer 3 gouf de 6. Dezember 1958 um 05:45 UTC mat enger Juno-II-Rakéit gestart. D'Sond sollt den Äerdmound passéieren an an eng heliozentresch Ëmlafbunn fléien. Si hat awer nëmmen eng Héicht vun 102.360 km erreecht, ier si nees zeréck op d'Äerd gefall war, well de Brennschluss ze fréi war. Als Alternativprogramm gouf d'Van-Allen-Ceinture mat zwéi Geiger-Müller-Zilréier vermooss an d'Ausléise vun der Moundkamera getest.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Pioneer (Raumsonden-Programm) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads