Nikloskapell zu Ollem
kathoulesch Kapell an der Gemeng Kielen From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Nikloskapell vun Ollem war eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Mamerdall Saint-Christophe, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Kielen gehéiert huet; se ass zënter Enn 2020 entweit.
De Patréiner war den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.
Si steet am Uertskäer vun Ollem an engem Dräieck tëscht dem CR103 (rue de Capellen), dem CR103A (rue de Nospelt) an der rue de Kehlen. Direkt nieft der Kapell steet eng Schoul.
Den 3. Mee 2022 gouf si als Nationaalt Kulturierwe klasséiert.[1]
Remove ads
Geschicht
Zur fréierer Par Kielen hunn ausser der Nikloskapell vun Ollem och nach d'Parkierch vu Kielen gehéiert.
Am Gemengerot vum August 2020 huet de Gemengerot Guy Kohnen a senger Funktioun als President vun der lokaler Kierchefabréck matgedeelt, datt d'Kapell, déi der Gemeng gehéiert, zanter Januar 2020 net méi fir reliéis Zwecker benotzt gëtt an datt d'Prozedur vun der Entweiung ageleet gouf[2],[3] [4].
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Nikloskapell zu Ollem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).
- c.k. Keine Messen mehr in Olm, Kirchenfabrik von Kehlen hat Prozedur zur Entweihung der Kapelle eingeleitet - künftige Nutzung unklar, Luxemburger Wort, 10.Augut 2020, S.18.
- Charlot Kuhn, Scholtes übernimmt für Eischen, Kapelle in Olm, Luxemburger Wort, 19. September 2020, S. 30
- Äerzbëscheeflechen Dekreet vum 18.11.2020
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

