Ollem

Uertschaft an der Gemeng Kielen From Wikipedia, the free encyclopedia

Ollem
Remove ads

Ollem ass eng Uertschaft an der Gemeng Kielen, am Weste vun Stad Lëtzebuerg.

op ee Bléck Aussprooch, An anere Sproochen ...
Remove ads

Geographie

Déi héchst Plaz vun Ollem ass beim Kräizwee-Ollem op 323 Meter, déi nidderegst Plaz ass op dem CR103 an der ëstlecher Entrée vun Ollem, op 303 Meter iwwer dem Mieresspigel.

Ollem ass ënnerdeelt an den alen Duerfkär vun Ollem, ronderëm den CR103, an d'Cité „Huesekneppchen“, eng nei gebaute Siidlung. Duerch déi Siidlung ass Ollem haut déi zweetgréisst Sektioun an der Gemeng.

Duerch Ollem féieren 3 Chemin repris:

  • Den CR103A stéisst am alen Duerfkär vun Ollem op den CR103.
  • Bei der Cité „Huesekneppchen“ kräize sech den CR103 an den CR109 um Lieu-dit Kräizwee-Ollem.

Duerch d'Duerf fléisst d'Olmerbaach, déi ëstlech vum Duerf an d'Kielbaach fléisst.

Remove ads

Geschicht

1528 goufen zu Ollem, an engem éischte schrëftlechen Dokument, 6 Feiere gezielt fir d'Steieren ze berechnen.

An den 1990er Jore gouf um Lieu-dit „Hueseknäppchen“ eng Cité gebaut, déi 500 Wunnunitéiten ëmfaasst an zu Ollem gehéiert. E weidere klengen Deel vun dëser Cité gehéiert zu der Gemeng Mamer; d′Gemengegrenz leeft duerch d'Cité.

Vun 2020 entsteet bei Ollem en neie Wunnquartier fir ronn 2000 Leit, Elmen genannt.

Remove ads

Kuckeswäertes

Zu Ollem steet eng Kapell mat Klackentuerm am Kär vum Duerf.

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Ollem – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads