Keelespill

From Wikipedia, the free encyclopedia

Keelespill
Remove ads

Keelespill ass e Prezisiounssport, bei deem e Spiller eng Klatz iwwer eng glat Bunn (Keelebunn) mat engem kontrolléierte Schwong esou rulle léisst, datt déi néng Keelen, déi um Enn vun der Bunn stinn, ëmfalen. Déi néng Keele sinn a Form vun enger Raut opgestallt. Aus dem Keelespill huet sech de Bowling entwéckelt, bei deem 10 Keelen a Form vun engem gläichsäitegen Dräieck opgestallt ginn.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Thumb
Eng Klatz trëfft

D'Keelespill ass dacks e Fräizäitsport, deen traditionell an engem Café, enger Wiertschaft gespillt gëtt an zur Gesellegkeet bäidréit. D'Keelespill ass awer och e Sport, an deem national an international Meeschterschaften organiséiert ginn.

Thumb
eng klassesch Keelebunn

Zu Lëtzebuerg sinn d'Keelespiller an der Fédération Luxembourgeoise de Quilleurs zesummegeschloss.

Remove ads

Lëtzebuerg beim Sportkeelen

Am Joer 2017 sinn d'Mandy Parracho an de Gilles Mores Weltmeeschter am Tandem Mixte mat 827 Holz ginn an hu gläichzäiteg en neie Landesrekord opgestallt.[1],[2]

Am November 2021 huet d'Mandy Parracho mat 901 Holz en neie Landesrekord bei den Dammen opgestallt.[3]

Am Mee 2024 ass Lëtzebuerg Vizeweltmeeschter am Team mixed ginn, mat dem Martine Keller, Mandy Parracho, Gilles Mores a Chris Fuchs.[4]

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Keelespill – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Morwski Jan, Alles andere als Kneipensport, Die Kegelweltmeister Mandy Parracho und Gilles Mores erleben einen emotionalen Sommer. Luxemburger Wort vum 4. September 2017, S. 10
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads