Kepler-10c
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Kepler-10c ass en Exoplanéit deen ëm de Kepler-10 am Stärebild Draco um Nordhimmel kreest. Et ass bis elo (Stand Juni 2014) de gréisste bekannten äerdänleche Planéit a gouf mat Hëllef vum Weltraumteleskop Kepler entdeckt. E gouf am Juni 2014 der nei etabléierter Klass vu Mega-Äerden zougerechent.
Kepler-10c | |
---|---|
Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0) | |
Rektaszensioun | 19h 02m 43s |
Deklinatioun | + 50° 14' 29" |
Stärebild | Draco (Dra) |
Zentrum | Kepler-10 |
Period | 45 Deeg |
Radius | 2,4 ± 0,1 RE |
Mass | 17 ± 2 ME |
Entdecker | Kepler-Missioun |
Datum vun der Entdeckung | |
Remove ads
Ëmlaf a Mass
De Kepler-10c ëmkreest säin Zentralstär Kepler-10, dee 560 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech ass, an ongeféier 45 Deeg. Am selwechte System sinn och de Kepler-10b, deen éischten nogewisene Gestengsplanéit baussenzeg vun eisem Sonnesystem. De Kepler-10c huet ongeféier déi 2,3-fach Gréisst, awer déi 17-fach Mass vun der Äerd.
Entdeckung a Klassifizéierung
Déi däitlech méi héich Mass, déi zwar bei engem Exoplanéit net z'erwaarde war, gouf mat der Radialvitessmethod ermëttelt. Mat dem Prezisiounsspektrograph Harps-North vum Telescopio Nazionale Galileo hunn d'Fuerscher d'Mass vum Planéit bestëmmt. Op Grond vu sengem Duerchmiesser muss een och dovun ausgoen, datt de Kepler-10c aus Gestengs an anere feste Stoffer besteet. De Planéit ass sou masseräich, datt hien eng Atmosphär – wann hie jee eng hat – dauerhaft gehalen huet.
Remove ads
Kategorie Mega-Äerd
Dësen Exoplanéit gëtt als éischt entdeckt Mega-Äerd agestuuft, well hien däitlech méi masseräich ass an och méi grouss ass wéi d'Superäerden; e Planéit mat der Mass vum Kepler-10c hätt sech no aktuellen Erkenntnesser vun den Astronomen eigentlech zu engem Gasris entwéckele missen. D'Entdeckung vum Kepler-10c gouf dofir vu sengen Entdecker als 'Prototyp' fir eng nei Klass vu Planéiten ugekënnegt. D'Analys vun den Donnéeë goufe vum Xavier Dumusque vum Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics geleet, deen de Planéit entdeckt hat. D'Entdeckung gouf den 1. Juni 2014 op engem Kongress vun der American Astronomical Society publizéiert.
D'Astronome ginn dovun aus, datt d'Entdeckung vun enger "Mega-Äerd" wäitreechend Konsequenze fir d'Wahrscheinlechkeet vu Liewen am Universum wäert hunn. D'System Kepler-10 ass schonn eelef Milliarde Joer al – entstoung also manner wéi dräi Milliarde Joer nom Urknall – dofir kéinte Gestengsplanéite scho vill méi fréi an der Geschicht vum Universum opgetruede si wéi ee bis elo gemengt hat.
Kuckt och
Um Spaweck
![]() |
Commons: Kepler-10 c – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Planet Kepler-10 c an der Extrasolar Planets Encyclopaedia
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads