Kepler-37

From Wikipedia, the free encyclopedia

Kepler-37
Remove ads

De Kepler-37 ass en Haaptreiestär vum Typ G. Hie läit ronn 210 Liichtjoer vun eis ewech. De Stär steet am Stärebild Lyra an ass e bëssi méi kleng wéi eis Sonn.

Kepler-37
Thumb
D'Planéite Kepler-37 b, c an d am Verglach zum Äerdmound an de Planéite aus eisem Sonnesystem.
Stärebild:Lyra (Lyr)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun19h 01m 08,076s
Deklinatioun+ 38° 56' 50,26"
visuell Magnitude? mag
Spektralklass:G
Astrometrie
Radialvitess:? km/s
Parallax? mas
Distanz210 Lj
Planéiten4
Physikalesch Eegenschaften
Metallizitéit:0,32
Radius:0,77 R☉
Liichtkraaft:
Uewerflächentemperatur5400 K
Katalogbezeechnungen
CMC14J190108,0+385650
GSC2,3N2DT047047
KIC3832474
KOI806
2MASSJ19010807+3856502
N2DT047047
SDSSJ190108,07+385650,2
UCAC245365178
UCAC3258-139965
USNO-B1.01289-00318749

Mam Weltraumteleskop Kepler goufe véier Planéiten entdeckt, déi de Kepler-37 ëmkreesen.

Remove ads

Planéiten

Méi Informatiounen Planéit, Mass ...

Den Exoplanéit Kepler-37b ass nëmmen e bëssi méi grouss wéi den Äerdmound, awer méi kleng wéi de Planéit Merkur. Domat huet hien ongeféier en Drëttel vum Äerdduerchmiesser. Hie kreest a ganz kuerzer Distanz (zirka 0,1 AE) ëm säi Stär. Hien ass zanter (2013) dee klengste bekannten Exoplanéit.

Am Planéitensystem ëm de Kepler-37 gëtt et op d'mannst nach e weideren Exoplanéit. De Kepler-37c kreest ongeféier all 21 Deeg op enger Distanz vu knapps 0,14 AE ëm säi Stär.

Méi wäit kreest de Kepler-37d, deen duebel sou grouss ass wéi eis Äerd. Seng Distanz zum Stär ass warscheinlech ze kleng, fir an der habitabler Zon ze leien.

Am Joer 2014 gouf e véierte Planéit mat enger Ëmlafzäit vun 51 Deeg bestätegt.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads