Kevin Haas
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Kevin Haas, gebuer de 16. Mee 1981[1], ass e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Sportler am Muay-Thai-Boxen.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De 16. Oktober 2011 gouf hien an der Victor-Hugo-Hal Weltmeeschter vun der WFCA an der Klass bis 72,5 kg. Hien huet an der Finall géint de Fransous Cédric Muller a 5 Ronnen no Punkte gewonnen. No zwéin Europameeschtertitelen ass dat säi bis elo gréissten Erfolleg.
Remove ads
Palmarès
2011
- Weltmeeschter (WFCA) bis 72,5 kg
2010
- Europameeschter (WPMF) bis 75 kg
2009
- Belsche Landesmeeschter Kategorie B
- Europameeschter (WFCA) bis 72,5 kg
- Ceinture VXS bis 72,5 kg
2008
- Belsche Landesmeeschter Kategorie B
2007
- Belsche Landesmeeschter Kategorie B
Kuckt och
- Nak Muay, en Documentaire (2013) vum Christan Muno, Raoul Schmitz a Fränk Muno.
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads