Kevin Luhman

US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Kevin Luhman ass en US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.

Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...

Säi Liewen

De Luhman hat Physik an Astronomie op der University of Texas at Austin studéiert. No sengem Bachelor am Mee 1993 gouf hie Mataarbechter op der Universitéit. Säi Ph.D. krut hien am August 1998 op der Universitéit vun Arizona. Duerno war hie vun 1998 bis 2002 am Smithsonian Center for Astrophysics a vun 2002 bis 2005 war hien um Smithsonian Astrophysical Observatory beschäftegt. Zanter 2005 schafft hien als Héichschoulprofesser op der Pennsylvania State University.

De Luhman huet elo dee massenäermste brongen Zwerg OTS 44 (zirka 15 Jupitermassen) identifizéiert a geet mat där Mass just nach als Stär duerch. Am Mäerz 2013 gouf an den internationale Medie bekannt, datt de Luhmann de WISE 1049-5319, e sonnennot Duebelsystem vu Bronge Zwergen identifizéiert huet.[1]

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads