Méchelskierch zu Beefort

kathoulesch Kierch From Wikipedia, the free encyclopedia

Méchelskierch zu Beefort
Remove ads

D'Méchelskierch zu Beefort ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Beefort gehéiert.

Méi Informatiounen Par, Dekanat ...

De Patréiner vun der Kierch ass den Hl. Méchel deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.

Si steet am Duerfkär an der Kierchestrooss nieft dem Gemengenhaus.

Zur fréierer Par Beefort gehéiert ausser der Kierch vu Beefort och nach d'Filialkierch vun Déiljen.

Remove ads

Geschicht

D'Kierch ass aus dem Joer 1854. Si gouf gebaut, nodeem déi al baufälleg gi war. D'Pläng ware vum Dikrecher Architekt von König.

Si ass am neogotesche Stil gebaut a besteet aus 3 Schëffer. De Kierchtuerm, mat 4 Ecktiermercher, ass 43,20 m héich.

D'Kierch gouf den 8. Dezember 1854 opgemaach, den 29. September 1855 ageweit an de 5. Juni 1872 konsekréiert. D'Patréiner sinn den Äerzengel Méchel an den hellegen Antonius de Klausener.

Den Héichaltor war vun 1855, d'Säitenaltär, déi aus der aler Kierch iwwerholl goufen, vu 1733. D'Klacke ware vu 1707 (se goufen 1898 ersat) an déi barock hëlze Statu vu 1785. 1867 goufen 2 Beichtstill ugeschaaft, an 1876 eng Kierchtuermsauer a Bänken.

An der Ardennenoffensiv, de 16. Dezember 1944, gouf d'Kierch uerg beschiedegt; just d'Mauere si stoe bliwwen. Se gouf 1946-1951 nees opgebaut. 1960 gouf en neie stengenen Héichaltor ugeschaaft, mat enger monumentaler Kräizegungsgrupp vum Sculpteur Émile Hulten. Den 30. Juni 1960 gouf d'Kierch vum Bëschof Léon Lommel op en Neits konsekréiert.

Remove ads

Uergel

An der Kierch steet eng Uergel, déi 1950 vun der Manufaktur Eduard Sebald vun Tréier gebaut gouf.[1]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch vun Beefort.

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Méchelskierch zu Beefort – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Beaufort, Beefort. www.orgues.lu. Gekuckt de 07.11.2025.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads