Kierch Bidscht
kathoulesch Kierch From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Kierch zu Bidscht ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Géisdref gehéiert.
D'Kierch ass der Tréischterin am Leed geweit. D'Fest gëtt de Samschde vun der véierter Woch no Ouschtere gefeiert.
D'Kierch steet zentral an der Uertschaft op der Duerfstrooss nieft dem Kulturzentrum.
De 5. Abrëll 2022 gouf se als nationaalt Kulturierwe klasséiert.[1]
Remove ads
Geschicht
Eng éischt Kapell gouf zu Bidscht warscheinlech schonn 1616 gebaut a 1627 vum Bëschof vu Léck ageweit. Am Drëssegjärege Krich (1618-1648) gouf d'Kapell bal komplett zerstéiert a well Bidscht deemools ganz aarm war huet d'Restauratioun bis 1675 op sech waarde gelooss.
Wärend dem Spueneschen Ierffollegkrich (1701-1714) ass d'Kapell ofgebrannt an dowéinst gouf eng nei gebaut déi Enn 1714 fäerdeg war.
Am Joer 1807 koum Bidscht zur Par Kauneref, virdrun huet et zu Nidderwolz gehéiert.
Well d'Kapell an engem schlechten Zoustand war gouf eng nei Kierch gebaut déi 1896 fäerdeg an den 21. November 1896 konsekréiert gouf.
Ënner der Parverwaltung vun Esch-Sauer gouf zu Bidscht en eegene Kierfecht ugeluecht, deen 1963 vum Deche vu Wolz Prosper Colling ageweit gouf.
Bis de 7. Mee 2017 war d'Kierch vu Bidscht d'Filialkierch vun der Par Kauneref, déi zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Kauneref huet ausser der Filialkierch vu Bidscht och nach d'Parkierch vu Kauneref an d'Pirminuskapell vu Kauneref gehéiert.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Kierch Bidscht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Öewersauer Saint-Pirmin
- D'Kierch op der Websäit vun der Par Öewersauer Saint-Pirmin
- D'Fënstere vun der Kierch vu Bidscht op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Kierch vu Südoste gesinn
- Agank vun der Kierch
Referenzen
- Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

