Kierch Helzen
kathoulesch Kierch an der Gemeng Wëntger From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Kierch zu Helzen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten, deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt.
D'Kierch steet am Weste vun Helzen um CR333A. Ronderëm d'Kierch stinn nach eng Rei al Grafsteng vum fréiere Kierfecht.
Remove ads
Geschicht
D'Kierch ass vu 1775 an huet en neobarocken Tuerm, deen 1926 zesumme mat dem ënneschten Deel vum Kiercheschëff ugebaut gouf. Déi barock Miwwel stamen zum gréissten Deel aus dem Atelier Hennes vu Neuerburg a goufe vum Eberhard Hennes tëscht 1778 a 1780 gemaach. An enger extra fir deen Zweck ugebaute Säitekapell steet den Original vum Retabel aus dem 16. Joerhonnert, dee bis 1977 an der Helzerklaus stoung, dunn awer aus Sécherheetsgrënn an d'Parkierch bruecht gouf.
D'Helzener Kierch gouf den 12. November 1980 als Nationaalt Monument klasséiert.[1]
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Helzen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Helzen huet ausser der Parkierch vun Helzen och nach d'Helzerklaus, d'Kierch vun Houfelt an d'Kapell vu Weiler gehéiert.
Remove ads
Klacken
D'Helzener Kierch huet 3 Klacken, déi ënner dem Schlagtoun Si, La a Fa Dièse lauden.
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Kierch Helzen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Wëntger Sainte-Famille
- D'Fënstere vun der Helzener Kierch op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
- D'Uergel op der Säit vun den Amis de l'Orgue Diekirch
- D'Kierch Helzen an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
- D'Kierch vun Nordweste gesinn
- D'Kierch vun Nordoste gesinn
- Den Agank vun der Kierch
- Altor an der Kierch vun Helzen
- De Retabel am Original aus der Kierch vun Helzen
Remove ads
Referenzen
- Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

