Kierch Iermsdref
kathoulesch Kierch From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Kierch zu Iermsdref ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ärenzdall gehéiert.
D'Kierch huet als Patrozinium d'Verherrlechung vum hellege Kräiz.
Se steet an der Gilsduerferstrooss, dem CR356, direkt nieft der Wäisser Iernz bei der Bréck. De 5. Februar 2021 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Zur fréierer Par Miedernach gehéieren ausser der Kierch zu Iermsdref och nach d'Parkierch vu Miedernach an d'Kapell vu Suewelbuer.
Remove ads
Den Héichaltor
Den Haaptaltor ass aus Steen, wat ganz aussergewéinlech ass.
Munneches weist drophin, datt dem Héichaltor aus de Joer 1592 seng Originnen op den Atelier vum Sculpteur Hans Rupprecht Hoffmann weisen.
Eng Signatur "AD" um ënneschten Deel vum Kräiz kënnen d'Initiale sinn vum A. Durner, engem Sculpteur, deen ëm 1600 zu Lëtzebuerg geschafft huet.
D'Uergel
Um Duxall steet eng Uergel vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder mat 624 Päifen. Se gouf den 21. Oktober 2001 ageweit.
Well den Duxall net déif genuch ass, war et net einfach eng Uergel fir déi Kierch ze plangen. Virgesi war en Instrument mat engem Manual. A Gespréicher tëscht dem Georg Westenfelder, den Iermsdrëffer Uergelfrënn an hirem Beroder, dem Carlo Hommel gouf sech dunn op e System mat Wiesselschläif gëeenegt, deen et erlaabt, mat Hëllef vun zwou Klaviaturen an e puer technesche Konschtgrëffer, all eenzele Regëster op deem engen oder deem anere Manual ze spillen.
Sou gouf d'Uergel an d'Gelänner vum Duxall agebaut, an de Spilldësch ass an d'Instrument integréiert.
De Miwwel ass aus massivem Eechenholz, dat just gewichst ass.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Kierch Iermsdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun den "Uergelfrënn Dikrech"
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
- D'Fënstere vun der Kierch vun Iermsdref op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
Referenzen
- Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

