Kierch Leetem

kathoulesch Kierch From Wikipedia, the free encyclopedia

Kierch Leetem
Remove ads

D'Kierch zu Leetem ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wäiswampech gehéiert.

Méi Informatiounen Par, Dekanat ...

D'Kierch ass der Onbefleckter Empfängnis geweit. D'Fest gëtt den 8. Dezember gefeiert.

Se steet am Zentrum vum Duerf an engem Säitewee vun der Duarrefstrooss, dem CR335.

Remove ads

Geschicht

D'Kierch staamt aus dem Joer 1877 an ass an engem Stil gebaut, deen deem vun der Kierch vu Beeler gläicht.

An der Kierch dominéiert e restauréierte Barockaltor. Iwwer dem Tabernakel an der Mëtt vum Altor steet d'Haaptpatréinerin, d'Immaculata. Z'ernimmen ass nach dat gemoolt Bild vun de 14 Nouthëllefer.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Beeler, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Beeler huet ausser der Filialkierch vu Leetem och nach d'Parkierch vu Beeler gehéiert.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Kierch Leetem – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads