Gemeng Wäiswampech

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Klierf From Wikipedia, the free encyclopedia

Gemeng Wäiswampech
Remove ads

D'Gemeng Wäiswampech (lokal: Wäiswampich) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Klierf. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Wäiswampech vun där se och hiren Numm huet.

Séier Fakten Aussprooch, An anere Sproochen ...
Thumb
Wäiswampech
Thumb
Wäiswampech den 31. Dezember 2018
Thumb
Wanterlech Landschaft an der Gemeng Wäiswampech
Remove ads

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

Geographie

D'Gemeng Wäiswampech läit an der nërdlecher Spëtz vum Land, am Kanton Klierf a grenzt nieft der belscher Grenz am Norden an Osten un d'Gemenge Ëlwen am Westen, Klierf am Süden an am Süd-Westen. Mat engem Héichtenënnerscheed vu 519 op 450 m läit d'Gemeng deelweis op engem fielsegen Héichplateau, ëmgi vu Mësch- a Bichebëscher a Fiichtemonokulturen, tëscht dem Ourdall an enken Däller vun de wellefërmegen Héichflächen. Duerch d'Schafe vun zwéi kënschtleche Séien an der Uertschaft Wäiswampech huet d'Gemeng en touristeschen Opschwonk erlieft.

Remove ads

Geschicht

Am 20. Joerhonnert ass d'Awunnerzuel vum Ufank bis an d'1970er Joren ëm d'Hallschecht erofgaangen. Dono goung se nees no uewen, wat ufanks duerch den Tanktourismus an d'Bankfilialen, déi sech op eng belsch Clientèle spezialiséiert haten, zeréckzeféiere war.

Tëscht 2006 an 2016 goung d'Bevëlkerungszuel vun 1.232 op 1.756 erop. Haut gëtt et do eng sëllege Betriber, déi sech an de leschte Joren niddergelooss hunn: Fiduciairen, Logistiksentreprisen, Holdingen, Geschäfter, ma och vill Kleng- a Mëttelbetriber am Handwierks- oder Informatiksberäich. Eng 2000 Leit, dorënner vill Frontalieren aus der Belsch, schaffen do[1].

Interkommunal Syndikater

D'Gemeng Wäiswampech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

D'Gemeng ass zanter dem 4. August 2017 Member vum Klimapakt[2], awer - als eenzeg Gemeng am Kanton Klierf - net Member vum Naturpark Our[3].

Entwécklung vun der Awunnerzuel

Quell:STATEC

Wopen

Thumb Beschreiwung am Originaltext:

d'azur à la bande vivrée d'or, accompagnée en chef d'un lion du même, armé et lampassé du gueules, en pointe d'un cor d'or virolé de gueules
D.C. 15. Juni 1979 - A.M. 20. Juli 1979 - Mémorial B 1979, Säit 908 - Projet: 1979 Jean-Claude Loutsch

Remove ads

Politik

De Gemengerot vun der Gemeng Wäiswampech gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • ...
  • ? - 1969: ... Rinnen
  • ...
  • 1972 - 1984: Mathias (Mett) Schon
  • ...
  • 1995 - 2023: Henri Rinnen (DP)
  • 2023 - 2024[4]: Claude Daman
  • zanter 2024: Néckel Polfer[5]

Kuckeswäertes

Bekannt Leit aus der Wampecher Gemeng

Remove ads

Literatur

  • Berbeć, S., 1992. Approche typologique de l'architecture rurale au grand-duché de Luxembourg. Publications nationales. Ministère des affaires culturelles. 169 S. ISBN 2-87984-002-3. (Cf. Wäiswampech S. 41-60).

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Wäiswampech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Bernard Thomas: "World Wide Weisswampach." d'Lëtzebuerger Land Nr.9, 3. Mäerz 2017, S.9.
  2. (fr) Communes engagées dans le Pacte Climat. pacteclimat.lu. Gekuckt den 21.07.2020.
  3. (de) Naturpark Our - Mitgliedsgemeinden. naturpark-our.lu. Gekuckt den 21.07.2020.
  4. (de) Weiswampacher Bürgermeister Claude Daman tritt zurück. Luxemburger Wort (09.09.2024). Gekuckt den 09.09.2024.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads