Kierch Reiland
kathoulesch Kierch an der Gemeng Hiefenech From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Kierch vu Reiland war eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Hiefenech gehéiert huet; se gouf de 5. Mee 2022 entweit an ass elo en Deel vun enger Maison relais.[1]
De Patréiner war den hellege Jakobus, deem säi Fest de 25. Juli gefeiert gëtt.
D'Gebai steet an der Strooss Bei der Kiirch, net wäit vun der Haaptstrooss, der N14 ewech.
Zur fréierer Par Hiefenech huet ausser der Kierch vu Reiland och nach d'Parkierch vun Hiefenech gehéiert.
Bei der Kierch vu Reiland ginn all Joer um 1. Mee d'Päerd an d'Autoe geseent.
Remove ads
Bannenariichtung
Déi neogotesch Altär, déi fréier an dëser Kierch stoungen, sinn an de 1970er Jore wéinst hirem schlechten Zoustand mat enger moderner Ariichtung aus Marber, Eisen, rouden Email an Holz ersat ginn. Vun deem ale Kierchemobiliar sinn nëmmen déi hëlze Statue vum hellege Jakobus, dem hellege Cyriakus an der Immaculata erhale bliwwen.
Am Joer 2003 ass d'Kierch renovéiert ginn an dobäi ass déi net sou gelongen Ariichtung aus de 1970er Joren mat enger zäitloser Ariichtung aus Glas a Messeng ersat ginn. An dem neien Altor sinn d'Reliquien vun den hl. Märtyrer vun Tréier.
Remove ads
Fotoalbum
- D'Filialkierch vu Reiland
- De Chouer
- De Versus-populum-Altor
- Den Tabernakel
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Kierch Reiland – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Fiels
- D'Fënstere vun der Kierch vu Reiland op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

