Kierch Scheedgen

From Wikipedia, the free encyclopedia

Kierch Scheedgen
Remove ads

D'Kierch vum Scheedgen war eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Konsdref gehéiert huet; se gouf Enn 2020 entweit[1].

Méi Informatiounen Par, Dekanat ...

De Patréiner war den hellege Mathias, deem säi Fest de 24. Februar gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an engem klenge Säitewee zirka 80 m vun der Kräizung vun der Iechternacher Strooss, dem (CR118), mat der rue de Michelshof, dem CR132. Hanner der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Konsdref hunn ausser der Filialkierch vum Scheedgen och nach d'Parkierch vu Konsdref, d'Filialkierch vu Präiteler an d'Kapell vu Kolwent gehéiert.

De Gemengerot vu Konsdref huet a senger Sëtzung vum 5. Mee 2020 beschloss, d'Verfare vun der Entweiung vun der Kierch anzeleeden[2] [1]. D'Gebai soll fir kulturell Zwecker benotzt kënne ginn.[3]

Am Juli 2020 huet de Kardinol Hollerich d'Statu vun der Tréischterin aus der Kierch um Scheedgen am Europa-Park zu Rust am Kader vun enger ökumeenescher Feier an a Presenz vum Parkgrënner Jürgen Mack an der Mariekapell, och Böcklinkapell genannt, beim Luxemburger Platz opgestalt[4].

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Kierch Scheedgen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Äerzbëscheeflechen Dekreet vum 16.12.2020
  2. Wat geschitt mat der aler Kierch?. Gekuckt de 16. Abrëll 2021.
  3. Marc Jeck, Trösterin der Schausteller, Kardinal Hollerich feiert im Europa-Park ökumenischen Gottesdienst und schlägt eine marianische Brücke zu Luxemburg, Luxemburger Wort, 24. Jui 2020, S.23.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads