Konstantinos Simitis

griichesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Konstantinos Simitis
Remove ads

De Konstantinos ("Kostas") Simitis (Griichesch: Κωνσταντίνος Σημίτης), gebuer den 23. Juni 1936 zu Piräus, a gestuerwen de 5. Januar 2025[1] war e griichesche Politiker (PASOK). Hie war vum 22. Januar 1996 bis den 10. Mäerz 2004 Ministerpresident vun der Republik Griicheland.

op ee Bléck Funktioun, Partei ...
Remove ads

Liewen a Karriär

De Konstantinos Simitis huet Droit an Ekonomie op der Universitéit Marburg (1954–1959) studéiert, a gouf do 1959 promovéiert. 1961 bis 1963 huet hie weider op der London School of Economics and Political Science studéiert. Vun 1971 u war hien Dozent op der Universitéit Konstanz a vun 1971 bis 1975 Ordentlicher Professor fir Handelsrecht an Zivilrecht op der Universitéit Gießen. 1977 gouf hie Professer op der politikwëssenschaftlecher Panteion-Universitéit Athen. Vun 1961 u war de Simitis och Affekot beim Areopag, dem ieweschte Geriichtshaff zu Athen.

De Simitis huet sech aktiv an der Resistenz géint d'Militärdiktatur engagéiert a war Member vum Nationale Conseil vun der Panhellenescher Befreiungsbeweegung (PAK). Duerch säin Exil an Däitschland (1969–1974) konnt en net festgeholl ginn. Hie war 1974 Grënnungsmember vun der Panhellenescher Sozialistescher Beweegung (PASOK, a Member vum Presidium vun der Partei. Zanter 1985 war hien Deputéierte vun der PASOK fir de Waldistrikt Piräus. Hie eng zéng Joer laang Minister, ë. a. fir Erzéiung, Ekonomie, Handel, Industrie a fir Landwirtschaft.

Den 22. Januar 1996 gouf de Simitis dem Parteigrënner Andreas Papandreou säin Nofollger als Ministerpresident.[2]

Den 8. Februar 2004, kuerz virun de Parlamentswalen ass de Simitis als Premierminister zeréckgetrueden, fir e Generatiounewiessel anzelauden.[3] De Giorgos Papandreou gouf säin Nofollger als Parteipresident a war Spëtzekandidat bei de Walen, huet déi awer géint d'Partei Nea Dimokratia mam Spëtzekandidat Kostas Karamanlis verluer.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Konstantinos Simitis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Unter Tränen. Der Spiegel, 22.01.1996.
  2. Regierungschef Simitis gibt Amt und Parteivorsitz auf. Frankfurter Allgemeine, faz.net, 07.01.2004.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads